Blue Note

Manuel Ribeiro

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Francisco Sassetti vun der Philharmonie (c) Pippa Herbert

Jazz @ Philharmonie

Fir den Jazz huet d'Philharmonie zwee Zykle virgesinn. Den Jazz@beyond mat senge fënnef Concerten ass am groussen Auditoire, wärend den intimisteschen Zyklus Jazz Club am Kammermusekssall mat sechs Concerte programméiert ass. Mee och an aner Concertsserien ass Jazz an esouguer World-Jazz ze fannen. De Francisco Sassetti vun der Philharmonie huet dem Manuel Ribeiro op Froe geäntwert.

De Fred Medernach verréit eis säin CD-Tipp, den neien Album vum Madeleine Peyroux.

Vill Jazz an den nächste Wochen och an eisem Agenda.

 

Rezent Emissiounen

  • Benoit Martiny a Michel Pilz

    De Bassklarinettist Michel Pilz gehéiert zu de Veterane vum Lëtzebuerger Jazz. Mam Benoit Martiny huet hien en interessanten Duo-Projet gestart.

  • Jimi Jazz

    Den Jimi Hendrix (1942-1970) huet net nëmmen de Genre Rock mä och den Jazz beaflosst - bis haut.

  • Den Adam Rogers

    Den New Yorker Gittarist huet mat der crème de la crème vun der Jazzzeen gespillt: Vu Michael Brecker bis Norah Jones, iwwerall goufe seng Déngschter gefrot.

  • Jeff Herr Corporation: CD Release "Manifesto"

    Nei CD vum Jeff Herr an de Programm vum Kulturzenter OpderSchmelz - Diddeleng

  • Dizzy Gillespie

    E Portrait vum gréissten Jazztrompettist vun allen Zäiten, deen den 21. Oktober 100 Joer al gi wier.

  • Women in Jazz

    D'Fraen am Jazz déi keng Sängerinne sinn, si leider meeschtens an der Ënnerzuel. E Bléck op wonnerbar Musekerinnen, déi den Jazz mat verännert hunn. 

     

  • Een Owend mat The Bad Plus

    Fantasteschen Trio aus New York

  • Greg Lamy 4tet: PRESS ENTER

    Nei CD Release. De Programm vun Diddeleng. Den David Ascani schreift fir Big Band.

  • Zréck an d'Joer 1959

    Net nëmmen de Miles Davis huet am Joer 1959 exzellent Musek gemaach ... erliewt e puer Highlights vun deemols aus dem Rayon 'Jazz'!

  • Patrice Lerech an zwee CD-Tippen

    En Trompettist aus der Lorraine, dee Klassik an Jazz alternéiert. Zwee CD-Tippen: Jens Schöwings a Michel Bisceglia.

  • Christian Sands / Joey DeFrancesco

    Zwee CD-Tippen an den Jazz-Agenda am Neimënster fir September

  • Cameron Graves & Jimmy Greene

    Zwou CDen erauskomm beim Label Mack Avenue

  • CD-Tippen & Festivalen a Frankräich

    Zwee nei Albume bei Edition Records: Misha Mullov-Abbado - "Cross-Platform Interchange" an Daniel Herskedal - "The Roc"

  • CD-Tipps & Gaume Jazz Festival

    "Godspeed" a "Kingdom", zwou nei CD-Produktiounen an e Bléck op den Jazzfestival Zu Tintigny-Rossignol an der Belsch

  • Gaume Jazz Festival

    Dräi Deeg Jazz non-stop, aus allen Stilrichtungen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen