Grousse Kino

Martine Reuter Michel Delage Tom Dockal Thierry Besseling

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéiere freides déi nei Filmer. Aviséiert Kritiken, cocasse Zesummenhäng an och déi eng oder aner Anekdot: alles ass dran.

Afghanesch, kenianesch an amerikanesch Geschichten

D'Liewe vun engem jonke Meedchen am Afghanistan, eng lesbesch Love Story aus Kenia an en amerikaneschen Thriller ëm eng verschwonne Fra.

Musek:

  1. Russians Invade vum Alberto Iglesias aus dem Film "The Kite Runner" vum Marc Forster
  2. "Log Off" vum Kenji Kawai aus dem Film "Avalon" vum Mamoru Oshii
  3. "Les grandes gueules" vum François de Roubaix aus dem Film "Les grandes gueules" vum Robert Enrico
  4. "Passage of Time" vum Elmer Bernstein aus dem Film "The Age of Innocence" vum Martin Scorsese

Rezent Emissiounen

  • Brooklyn, Palestina a Paräis.

    Op der Sich no der idealer Plaz fir ze liewen ass de Grousse Kino dës Woch zu New York, zu Paräis an zu Nazareth ënnerwee.

  • Grousse Kino

    Um Programm vun eise Kritiker: "De Buttek" (Luc Feit), "Knives out" (Rian Johnson), "Proxima (Alice Winocour) an "The Irishman" (Martin Scorsese).

  • Geschichten an hir historesch Realitéit

    Déi Cinephil vum 100,7 diskutéieren haut iwwer dës dräi Filmer: "Beats" vum Brian Welsh
    "J'accuse" vum Roman Polanski a "Le Mans 66" vum James Mangold.

  • Wou geet déi Hand hin?

    Um Menu vun eise Kritiker: "J'ai perdu mon corps" (Jérémy Clapin), "Martin Eden" (Pietro Marcello) an "And Then We Danced" (Levan Akin).

  • Eng Mauer, jonk Mafiosi a vill Mënz

    Um Programm: "Fritzi eine Wendewundergeschichte" vum R. Kukula a M. Bruhns, "La paranza dei bambini" vum C. Giovanesi, an "Hustlers" vum L. Scafaria.

  • Grousse Kino

    Beschwate Filmer vun der Woch: "Lost in the 80's" (Andy Bausch), "Au nom de la terre" (Edouard Bourgeon) an "Gemini Man" (Ang Lee).

  • Däischter, nach méi däischter mee och frësch Loft a grouss Gefiller

    Um Programm vun eise Kritiker: "Never Grow Old" (Ivan Kavanaugh), "Joker" (Todd Philipps) a "Portrait de la jeune fille en feu" (Céline Sciamma).

  • Bëschbränn, Widerstand an eng harmonesch Welt

    Um Programm: Viendra le feu (Oliver Laxe), Bacurau (Kleber Mendonça Filho, Juliano Dornelles) a Downton Abbey (Michael Engler).


     

  • Vun New York am Reen, iwwer d'Stäre bis an d'Land vun den Elfen

    D'Kritiker Martine Reuter, Michel Delage an Thierry Besseling diskutéieren e.a. iwwer "Tolkien", "Ad Astra" an "A Rainy Day in New York".

  • Grousse Kino

    "Angel Has Fallen", "Ready Or Not" a "La Vie Scolaire" sinn déi dräi Filmer, déi eis Kritiker dës Woch am Detail analyséieren.

  • Grousse Kino

    Um Programm vun eise Kritiker: "Dirty God" (Sacha Polak), "La Quietud" (Pablo Trapero) a "Scary Stories to Tell in the Dark" (André Øvredal).

  • Grousse Kino

    Eis Kritiker schwätzen iwwer: "Once upon a time... in Hollywood" (Quentin Tarantino), "Only you" (Harry Wootliff) a "Promare" (Hiroyuki Imaishi).

  • Grousse Kino

    Um Programm: den Doku "Diego Maradona" (Asif Kapadia), den Horrorfilm "Midsommar" (Ari Aster) an d'Komedie "The Beach Bum" (Harmony Korine).

  • Grousse Kino

    Um Programm: "So Long, my son" (Wang Xiaoshui), "Les Plus belles années d'une vie" (Claude Lelouch) an "The Professor and the Madman" (Farhad Safinia).  

  • Kino aus Afrika, Frankräich an Indien

    Staark Agente-Fraen an de Problem vun der indescher Schoul Ausbildung.

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen