Kappplooschter

Georges Urwald

Alldagsthemen, déi d'Lëtzebuerger Liddertexter an der Nokrichszäit inspiréiert an hir Nolauschterer ameséiert hunn. Eng kleng Lëtzebuerger Kulturgeschichtsstonn mat Opnamen aus den Nationalarchive vun der BNL, dem CNA an aus de Privatsammlunge vum Robert Jander an dem Georges Urwald. Dës Emissioun gëtt realiséiert a Kollaboratioun mam Cedom, dem Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

F.C. Schinnegebeess géint ... den Hunn op der Bunn

Fussball a Vëlossport rappen de Lëtzebuerger mat. Net nëmmen um Spillfeld, mee och an deene Lidder, an deenen déi verschidde Facettë vum Sport beliicht ginn. Et geet ëm dem Tobby säin Hobby, d'Fussballslidd an ëm den F.C. Schinnegebeess géint de Sportveräin Flappech.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen