Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Grouss Première am Twenty/Twenty an dat vun enger Band, déi, laut dem Marc Clement, an den Tirang Metal wuel erapasst, mee dach vun Ufank u vill méi ze bidden hat. Véier jonk Amerikaner mat Originne vum Balkan, brénge virun 20 Joer hir éischt Plack eraus, an System Of A Down eruewert 1998 mat Lidder wéi "Spiders" d'Welle vun de College Radioen. 

Manner ass méi! Dat erweist sech och an der Musek vun The Marias. D'Anne Georges huet e Faibel fir "Clueless". E reduzéierte Song, deen an e modernt Klangbild mutéiert. No där stresseger Woch brauch d'Anne e rouege Pop Track, deen hat trotzdeem matrappt. Dream Pop oder Psychadelic Soul, roueg oder rhythméiert, méi oder manner? Ganz kloer e manner opulente Song fir méi e schéine Weekend.

Nieft dem Concertstipp an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlëscht, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vu Cat Power, Lala Lala, Japanese Breakfast, Oscar And The Wolf, Jonathan Jeremiah an Thom Yorke.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonnen nei Musek, ee grousse Song vu virun 20 Joer, Klassiker aus de leschte fënnef Joerzéngten, de Concertstipp a Coup de Coeuren.

    No enger Stonn neier Musek, Joresréckbléck op d'Songs vun 2018

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen