Eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht fir d'Nationalgalerie

Christian Mosar

Bis haut gëtt et keen ëmfaassend Standardwierk, dat eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht kéint definéieren. An dëser Serie liwwert de Christian Mosar e puer Usätz. Ugefaangen am 18. Joerhonnert bis haut, gëtt eng kuerz awer differenzéiert Konschtgeschicht mat hiren Acteuren an Anekdote gezeechent.

De Frantz Seimetz (1858-1934)

Hie war e Kënschtler vun der Belle Epoque, dee bis an d'Tëschekrichszäit eng wichteg Figur an der Lëtzebuerger Konschtzeen bliwwen ass. E Beweis vu sengem ganz eegene Charakter si seng sëllechen Autoportraiten.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen