Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Een Dag mam Claude Wiseler

Am Virfeld vun de Chamberwahle begleede mir d'Spëtzekandidate vun deene verschiddene Parteien am Wahlkampf.

Den 58 Joer ale Claude Wiseler ass schonn zanter ronn zwee Joer de Spëtzekandidat vun där gréisser Oppositiounspartei. Den CSV-Fraktiounschef, fréiere Minister a fréiere Stater Schäffen, wëllt nom 14. Oktober de Xavier Bettel als Regierungschef ofléisen.

De Serge Kesseler war de virleschte Samschdeg een Dag laang mam Claude Wiseler ënnerwee.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen