Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.
Papperlapop

Caoilfhionn Rose, Gogo Penguin & Ryvage
En Ausfluch an d'Manchester Musekszeen. Eemol mam Caoilfhionn Rose, eng jonk Musekerin déi e Freideg hiren Debut "Awaken" bei Gondwana Records verëffentlecht. Deen zweete Mancunian ass de Pianist Chris Illingworth vum Jazz Trio GoGo Penguin, deen den 22. Oktober an der Rockhal spillt.
Donieft gëtt nach kuerz mam Samuel Reinard a sengem Ryvage Remix vun Ice In My Eyes hirem "Heart and Soul" geschwat, an d'Adrianne Lenker zielt iwwert de Luke Temple, de Produzent vun hirem neien Album "abysskiss".
Presentéiert vum Jamie Reinert.
Playlist:
- Caoilfhionn Rose - A New Day (Awaken, 12.10.2018 - Gondwana Records)
- Caoilfhionn Rose - Unravelled (Awaken, 12.10.2018 - Gondwana Records)
- Alabaster DePlume - Is it Enough (The Cornder of a Sphere, 4.05.2018 - Lost Map Records)
- Adrianne Lenker - Womb (abysskiss, 20.08.2018 - Saddle Creek)
- Adrianne Lenker - Terminal Paradise (abysskiss, 20.08.2018 - Saddle Creek)
- GoGo Penguin - Bardo (A Humdrum Star, 9.02.2018 - Decca Records France)
- Bedouine - Come Down In Time (Single, 5.10.2018 - Spacebomb Records)
- Stephen Steinbrink - Bad Love (Utopia Teased, 9.11.2018 - Western Vinyl)
- Ice In My Eyes - Heart & Soul (Ryvage Rework) (EP, 12.10.2018)
- Hearts & Minds - Back and Forth (Electroradiance, 5.10.2018 - Astral Spirits)
Rezent Emissiounen
-
Tonic Train & Chris Cutler an de Maurice Louca
En experimentellen Duo, eng Avant-Rock Legend an en ägypteschen Experimentalist
-
Buffalo C. Wayne
Den European Texan am Studio mat senger Gittar
-
Lau & William Tyler
E schotteschen experimentelle Folk Trio an e kosmesche Folk Gittarist
-
Eurosonic 2019
E Réckbléck op de Showcase Festival
-
SMAF & Naseer Shamma
En Tieftonspezialist an en irakeschen Oud Virtuos
-
Peter Broderick
Den experimentelle Folk Museker iwwer den Arthur Russell
-
Julian Lynch
De Musekethnolog a Leadgittarist bei Real Estate iwwer seng frësch Soloplack "Rat's Spit"
-
Shopping & Nathan Bowles
En Dance-Punk Trio an en experimentelle Banjo Spiller
-
Josephine Foster & The Saxophones
Eng experimentell Folk Musekerin an eng verdreemte Koppel
-
John Parish & Tom Bridgewater
En diskrete Produzent an en engleschen Americana Aficionado
-
Rose Droll & J Fernandez
Zwee charmant bedroom Artisten vu San Francisco a Chicago
-
Stephen Steinbrink, Mandy Parnell & Daniel Koch
En Indie Museker vu Phoenix, eng bedeitend Tountechnikerin an e fréiere Chefredakter vun engem Museksmagazin
-
Art Feynman
Den Dub-Kraut Artist iwwer Musek, Politik an d'Liewen an der Tour-Camionette
-
Geir Sundstøl & Sova Stroj
En norwegesche Slide Meeschter an e Lëtzebuerger Modularsynthesizer Experimentalist
-
The Breath
Zwee ganz verschidde Charakteren a Sensibilitéiten treffen openeen
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
radio 100,7 revue par ses pairs
A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen