Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Quand les hôteliers adoptent l'Art déco

D'Hotelsarchitekteur aus den 1920er an 1930er Joren ass e besonnescht spannend Thema, dat net nëmmen d'Entwécklung vun der touristescher Infrastruktur an de Baustiler erëmspigelt, mee och eng Partie Aspekter vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an der Tëschekrichszäit opzeechent. D'Apparitioun vun neie Bauweisen a modernen Equipementer geet Hand an Hand mat der Offer vu Zäitverdreiwer wéi, Baren, Brasserien, Danzsäll, déi net nëmmen d'Touristen, mee och d'lokal Populatioun unzéien. Sport an Erhuelung dobausse sinn am Virmarsch. Laanscht d'Uelzecht, d'Musel an d'Sauer entsti modern Plagen a Flëssbieder. 

Eng Konferenz vum 16. Juni 2018 vun der Dr. Antoinette Lorang am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA), opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Fotosmaterial zur Konferenz:                                    https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0001/89/lorang100-7_fe9c06.pdf

Antoinette Lorang, docteur en histoire de l'art © Carlo Link

Dépliant MNHA "Art déco au Luxembourg":                              https://issuu.com/mnha/docs/mnha_art_deco_flyer_issuu?e=14819671/60118920

 

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen