Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Prix Renaudot - Roserei vu franséische Librairen

Fir déi éischte Kéier ass e Buch, dat bei Amazon publizéiert ass, Kandidat fir de franséische Literaturpräis Prix Renaudot. Fir d'Librairen heescht dat, datt dëst Buch ni an enger Librairie ka verkaf ginn. Och d'Auswierkungen op d'Editeure si grouss.

Eis Korrespondentin Sofia Aouine huet sech mat der Marie Rose Guarniéri, déi zanter 1997 Librairin ze Paräis ass, iwwer dëse Phänomen ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen