Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Prix Renaudot - Roserei vu franséische Librairen

Fir déi éischte Kéier ass e Buch, dat bei Amazon publizéiert ass, Kandidat fir de franséische Literaturpräis Prix Renaudot. Fir d'Librairen heescht dat, datt dëst Buch ni an enger Librairie ka verkaf ginn. Och d'Auswierkungen op d'Editeure si grouss.

Eis Korrespondentin Sofia Aouine huet sech mat der Marie Rose Guarniéri, déi zanter 1997 Librairin ze Paräis ass, iwwer dëse Phänomen ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • DOK Leipzig

    Sou heescht dee gréissten däitsche Filmfestival, bei deem Documentaire- an Animatiounsfilmer aus der ganzer Welt gewise ginn.

  • Filmkritik: The King vum David Michôd

    Oder den nächste Versuch, Shakespeare mat engem nächste Beau gosse nees lackeleg ze maachen.

  • Spezial: Frankfurter Buchmesse

    Eng kleng Visite op der gréisster Bicherfoire vun der Welt

  • Verlängerung vun der Superjhemp-Expo am Mierscher Literaturhaus

    Am CNL gëtt d'Ausstellung iwwer d'Geschicht vun der bekanntster BD zu Lëtzebuerg nach emol bis den 31. Januar 2020 verlängert.

  • D'Susanne von Borsody liest d'Frida Kahlo

    D'Actrice gëtt mat hirer aussergewéinlecher Stëmm dem Mythos Kahlo eng nei an onverfälschten Dimensioun.

  • "Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"

    Esou war de Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO de 7. Oktober iwwerschriwwen. E Fuerschungsprojet vun der Uni beschäftegt sech mam Thema.

  • Musek op Allerhellegen

    Mir proposéieren eng nei Emissioun, wou mir der Fro noginn, wéi Feierdeeg an der Musek verschafft goufen. Lass geet et muer mat Musek op Allerhellegen.

  • Den Hierschtsalon vum CAL

    Den redaktionnellen Hierschtsalon vum CAL gëtt jonk: vun de 46 selectionnéierte Kënschtler sinn der zéng ënner 35 Joer; dat ass Rekord.

  • Amerikaneschen Donateur fir de Mudam

    D'Asbl American Friends of Mudam sicht fir de Mudam an Amerika no finanzieller Ënnerstëtzung an no Donateure vun zäitgenëssescher Konscht.

  • Nei Filmer

    Siwen nei Filmer lafen dës Woch an de lëtzebuergesche Kinoen un, vläicht ass eppes fir Iech dobäi.

  • Filmkritik: La Fameuse invasion des ours en Sicile

    Dem Comiczeechner Lorenzo Mattotti seng Adaptatioun vum Dino Buzzati sengem Kannerroman ass intelligent a kënschtleresch usprochsvoll Animatioun.

  • Dem Max Jacoby säin zweete Long Métrage

    Fir "Butterflies" krut de Lëtzebuerger Realisateur Max Jacoby 2005 de Präis vum beschte Kuerzfilm vum Ang Lee zu Venedeg iwwerreecht.

  • Den Historiker Paul Margue ass dout

    Den Historiker, Auteur a fréiere Chefredakter vum Geschichtsmagasin Heemecht Paul Margue ass am Alter vu 96 Joer gestuerwen.

  • Musek kennt keen Handicap

    De Resound Ensemble: e professionellen Ensembel mat Museker mat Behënnerung, ënner der Leedung vun engem Chef mat Behënnerung.

  • Tournage Hinterland: An der Tëschekrichszäit zu Wien

    De Stefan Ruzowitsky (Oscar 2008 fir "Die Fälscher") realiséiert den Ament zu Kielen am Filmland säin neiste Projet mam Titel "Hinterland".

     

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen