Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Jacques Brel (8.4.1929 - 9.10.1978)

Jacques Brel - Les Marquises

De Jacques Brel gëtt just emol 49 Joer al. D'Marquisen, les îles Marquises, franséisch Polynesien gi sengem leschten Album den Titel. De Brel huet Longekriibs, weess ëm seng fragil Gesondheet. Hien enregistréiert zu Paräis, flitt dann erëm zeréck op seng Südsee-Insel, op déi hie sech zeréckgezunn huet, kënnt awer erëm an d'franséisch Haaptstad fir eng weider medezinesch Behandlung. Déi ass ëmsoss ass, hie stierft de 9. Oktober 1978 an der Klinik zu Bobigny.

Den Album verkeeft sech schonn am Virfeld iwwert eng Millioun Mol, jiddweree weess, datt et déi lescht Produktioun wäert sinn. Um Album fënnt een déi Sujeten, déi dem grousse Chansonnier zäitliewens um Häerz louchen: Bourgeoisie ("Les Remparts de Varsovie"), Gesellschaft ("Jaurès"), seng flämesch Landsleit ("Les F...") an awer och de noen Doud, ë. a. mam Titel "Vieillir".

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • The Cure - Japanese Whispers

    Eigentlech keen Album, dofir awer en interessant Zäitdokument

  • Portishead - Roseland NYC live

    Virun 20 Joer huet déi britesch Trip Hop Band e ganz besonnesche Live-Album erausbruecht.

  • The Beatles - The BEATLES (The White Album)

    E komplexen Duebelalbum vun de Fab Four (Sortie: 22.11.1968) mat vill Solonummeren an ëmmer manner Zesummenhalt bannen der Band.

  • Canned Heat - Living the Blues

    Den 1. November 1968 koum den drëtten Album vun der Blues- a BoogieBand Canned Heat eraus, eng vun den éischten Duebbel-LPen, déi um Maart war.

  • Jefferson Airplane - Volunteers

    D'kalifornesch Band gëtt am November 1969 den deemolegen Zäitgeescht erëm an Nouten an a Wierder: Protest an Anti-Establishment sinn Tromp!

  • Quincy Jones - You've Got It Bad, Girl

    Mir gi 45 Joer zeréck bei ee Soloalbum vum Smooth Operator Quincy Jones. "You've Got it Bad, Girl" vun 1973 ass Orchestratioun am grousse Stil.

  • Mary Margaret O'Hara - Miss America

    En 80er Kultalbum vun enger exzentrescher Musekerin déi Texter op hir eege Manéier séngt

  • Jacques Brel - Les Marquises

    Dem Brel säi leschten Album, opgeholl e puer Méint viru sengem Doud, den 9. Oktober 1978.

  • Scott Walker - Scott 2

    Dem enigmatesche Museker säin zweete Solo-Album vun 1968 mat Interpretatioune vum Jacques Brel, Burt Bacharach an Henry Mancini.

  • Bob Dylan - Time Out Of Mind

    No siwe Joer Komponéierpaus gëtt de Bob Dylan 1997 erëm en Album eraus. E gelongene Comeback, produzéiert vum Kanadier Daniel Lanois.

  • Road To Ruin - Ramones

    E Punkalbum feiert Gebuertsdag: d'US-Punker si viru genee 40 Joer mat e puer Akkorden an d'Charts komm.

  • Morphine - Cure for Pain

    D'Sich no engem Heelmëttel fir déi ënnerlech Péng féiert op Morphine hirem zweeten Album duerch ee Monochrom vu Bariton-Frequenzen.

  • Link Wray - Link Wray

    Eng rau Pärel vun 71 vum Erfinder vum Power Akkord, dee seng Roots Rock Säit zum Virschäi gëtt.

  • Stevie Ray Vaughan - Couldn't Stand the Weather

    De Gittarist vereent Blues a Rock, Eegekompositiounen a Friemes, dorënner eng Versioun vum Hendrix-Klassiker "Voodoo Child"

  • King Crimson - Red

    1974 kënnt King Crimson hire 7. Studioalbum, "Red" eraus, déi lescht Plack virun engem längeren Hiatus. D'Plack enthält mat den häertste Rock, deen d'Band je erausbruecht huet.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen