Invité am Moies-Magazin

Stephan Thome

China an der Hallschecht vum 19. Joerhonnert. E jonken Däitschen, deen do als Missionär ënnerwee ass, geréit an e Krich tëschent de Verdeedeger vum chinesesche Keeserräich a chrëschtleche Rebellen. E Roman, deen u sech eng ganz Rei Parallellen zu der aktueller Weltsituatioun zitt. Den däitsche Sinolog, Philosoph a Schrëftsteller Stephan Thome schwätzt iwwer dëse gutt 700 Säiten décke Roman "Gott der Barbaren", seng Faszinatioun fir China a seng Vue op d'Welt a Literatur. D'Valerija Berdi live am Gespréich mam Auteur op der Frankfurter Buchmesse.

Rezent Emissiounen

  • Klassewiessel: Thierry Simonelli a Michel Delage

    Déi sozial Leeder eropklammen heescht, gesellschaftlech a psychologesch Barrièren iwwerwannen. D'Philosophin Chantal Jaquet an de Phenomen vun den "transclasses".

  • Heike Gfrereis - 200 Joer Theodor Fontane

    D'Kuratorin vun der grousser Theodor Fontane Asstellung zu Neuruppin,am Norden vun Däitschland, am Gespréich.

  • Jang Braun a Jean-Marie Weber

    Pensionéierte Prof an Enseignant-Chercheur op der Uni Lëtzebuerg an allebéid Member vum Aarbechtsgrupp Geeschteswëssenschaften a Relioun vun der Uni

  • Lex Roth

    De Lex Roth huet tëschent 1987 a 1994 e sëllechen Aventurë vum Tintin op Lëtzebuergesch iwwersat.

  • Hugues Dayez

    Viru 90 Joer ass déi éischt Tintin-Aventure publizéiert ginn. Doriwwer schwätze mir mam Kinoskritiker a Tintin-Spezialist.

  • Jean-Paul Maes

    De Lëtzebuerger Acteur spillt mat sengem Kaleidoskop Theater dem Max Frisch säi Klassiker "Biedermann und die Brandstifter".

  • Serge Basso an Nathalie Ronvaux

    Eng nei Editioun vu "Word in Progress" steet den Owed op der Affiche vun der Escher Kulturfabrik. Mat déier Kéier Texter a lëtzebuerger an däitscher Sprooch.

  • Anicet Schmit

    De Quartier Lampertsbierg fréier an haut op 428 Säiten

  • Ben Fayot a Marc Birchen

    De President vun der Fondation Lydie Schmit an den Auteur vum Buch "Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit"

  • Ygaëlle Dupriez

    D'Grënnerin an d'Coordinatrice vun der Filière Laine, eng Plattform déi eng nohalteg Wollveraarbechtung an der Regioun schaaft.

  • Anita Lucchesi

    Memo record - e Projet deen d'Chercheuse op der Uni Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche Luxembourg mécht.

  • Pierre Joris

    Den Nomad vun der Literatur, den Iwwersetzer vum Paul Celan an onermiddlechen Dichter ass eisen Invité.

     

  • Guy Engels

    E feste Musek Rendez-vous ass de Neijoersconcert vun der Wiener Philharmoniker. E Concert muer en direkt um radio 100,7, mat Commentairë vum Guy Engels.
     

  • Den Eric Buttini iwwer "Otherworlds"

    E Saturnmound dee Waasser späizt, de Jupiter-Stuermsystem "roude Fleck": am natur musée gesitt Dir, wat an den Otherworld esou lass ass.

  • Martine Reuter an Tom Dockal

    De Bléck zeréck op d'Kinosjoer 2018. Wéi eng Filmer waren derwäert a wat waren éischter Floppen? Wéi eng Meenung hunn 100,7-Kinosexperten?

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen