Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Rezent Emissiounen

  • De Wahlsonndeg um 100,7

    De Bléck op d'Wahle mat fréiere Politiker. Am Studio: d'Marie-Josée Jacobs - CSV an de Ben Fayot - LSAP. 

  • De Wahlsonndeg um 100,7

    De Regierungsbilan, d'Wahlcampagne a Spekulatiounen iwwer d'Wahlresultat. Am Studio: d'Geschichtsprofessesch Simone Beck an de Woxx-Journalist Raymond Klein.

  • Réckbléck op déi lescht Wahlkampfwoch

    Wéi ass déi lescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann ee virun de Chamberwahlen gesinn? Eng Analys vun der Chefredaktioun.

  • Maryse Lanners & Christoph Bumb

    Réckbléck op eng langweileg Wahlcampagne an Ausbléck op e spannende Wahlsonndeg mat den 2 Journaliste vun RTL Tëlee Lëtzebuerg resp. reporter.lu.

  • Een Dag mam Gast Gibéryen

    De Spëtzekandidat fir d'ADR am Süden ass zanter bal 30 Joer an der Chamber an domadder den Doyen.

  • "Wann ech Premier wier": Marie Harter

    Déi 94 Joer al Fra géif d'Landschaften erhalen an den Zesummenhalt vun de Mënsche stäerken. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premier wäert?

  • Corinne Cahen (DP) & Marc Spautz (CSV)

    Wou sinn déi rot Linne bei der DP an der CSV an der Familljepolitik? A wou si potentiell d'Kompromëssméiglechkeete fir eng blo-schwaarz Regierung?

  • International ëffentlech Schoulen

    Ronn 2.200 Schüler sinn an internationalen ëffentleche Schoulen ageschriwwen. D'Schoule sinn net onëmstridden, an d'Parteie gesi se deels kritesch.

  • "Wann ech Premier wier": Yasmine Hussein

    Déi jonk Fra aus Syrien géif méi laang Stagen fir Lycéesschüler a Studenten aféieren. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premier wäert?

  • Richtegen a falsche Wuesstum

    Trotz der Wuesstumsskepsis vu ville Parteie wëllt keng vun hinnen op Wuesstum verzichten. D'Polemik weist, datt an anere Beräicher Iddie feelen.

  • "Wann ech Premier wier": Jacques Welter

    Den Erliefnespedagog gesäit et als Necessitéit un, de Liewensstil ze änneren a géif dat als Premier och esou virliewen. Wat géift Dir änneren?

  • Claude Haagen (LSAP) & François Bausch (déi gréng)

    Wou differenzéiere sech déi zwou Parteien an der lénker Mëtt? Firwat net e gemeinsame politesche Projet um lénke Bord? E Face-à-face.

  • "Wann ech Premier wier": Serge Milbert

    Den Optiker géif d'Handwierk valoriséieren an de Mindestniveau fir an de Beruff eranzeklammen an d'Luucht setzen. Wat géift Dir änneren?

  • Een Dag mam Claude Wiseler

    Mir hunn den CSV-Spëtzekandidat am Wahlkampf begleet. De Fraktiounschef a fréiere Minister wëllt de Xavier Bettel als Premier ofléisen.

  • Réckbléck op déi véiert Wahlkampfwoch

    Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen