Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Rezent Emissiounen

  • Serie "Wann ech Premier wier": Ben Dratwicki

    Wat wier Är éischt Mesure, déi Dir géift duerchbréngen, wann Dir Premierminister wiert? De Student Ben Dratwicki wéilt d'Bierger méi mat abannen.

  • Réckbléck op d'Wahlkampfwoch

    Wéi verleeft de Wahlkampf? A wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren? Eng Analys vun der éischter Wahlkampfwoch.

  • Mediechronik

    Virum Summer haten déi audiovisuell Medien zéi Verhandlunge mat de Parteien an dem SIP iwwer d'Couverture vum Wahlkampf. Et deite sech Léisunge fir d'Zukunft un.
     

  • Een Tabuthema?

    All d'Parteie si géint Aarmut an ze grouss sozial Inegalitéiten. Mee vill Wahlprogrammer evitéiere méi sensibel Aspekter vun dëser Thematik.

  • Serie "Wann ech Premier wier": Raymond Meyer

    Wat wier Är éischt Mesure, déi Dir géift duerchbréngen, wann Dir Premierminister wiert? De Raymond Meyer wier fir bezuelbare Wunnraum.

  • Roby Steinmetzer a Maxime Bender

    E Bilan vu fënnef Joer Kulturpolitik

  • Michel Erpelding (déi Lénk) & Laurent Mosar (CSV)

    Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg? Wéi soll d'Finanzplaz an Zukunft ausgeriicht sinn? E Face-à-face.

  • Serie "Wann ech Premier wier": Sandy an Noémie

    Wat wier Är éischt Mesure, déi Dir géift duerchbréngen, wann Dir Premierminister wiert? D'Sandy an d'Noémie wiere fir eng aner Familljepolitik.

  • Serie "Wann ech Premier wier": Joël Kitenge

    Wat géift Dir maachen, wann Dir Premierminister wiert? Biergerinnen a Bierger erzielen onkommentéiert. Haut: De Fussballspiller Joël Kitenge.

  • Sven Clement & Franz Fayot

    D'Digitaliséierung vu Gesellschaft, Wirtschaft, Politik an Ëmwelt - wéi begleeden LSAP a Piraten dee Wandel? E Face-à-Face

  • Een Dag mam Joe Thein

    Mat just enger Lëscht am Süden wëllt de Spëtzekandidat déi Konservativ, dee virdrun an der adr war, et an d'Chamber packen.

  • Serie "Wann ech Premier wier": Marianne Heinen

    Wat wier Är éischt Mesure, déi der géift duerchbréngen, wann Dir Premierminister wiert? Biergerinnen a Bierger erzielen onkommentéiert. 

  • Wéineg Kohärenz an der Steierpolitik

    D'Regierung hat eng Steierreform versprach, a se gouf och ëmgesat. Ënnert dem Stréch goufen an der Steierpolitik awer wéineg nei Weiche gesat.

  • Iwwerfëllten Urgencen

    Wat fuerderen d'Dokteren a wéi eng Léisunge proposéieren d'Parteie fir d'Noutmedezin?

  • Lex Delles (DP) & Alain Herman (KPL)

    Gëtt d'Schoul der Vilfalt vun de Schüler gerecht? A wat muss nach änneren? Et diskutéieren zwee Kandidate fir d'Chamberwalen.

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen