Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Rezent Emissiounen

  • Bréifwahl: Vereinfachte System, méi eng grouss Demande

    D'Bréifwahl gouf vereinfacht. All Wieler kann d'Bréifwahl ufroen, ouni eng Begrënnung ze ginn. Domat soll och erreecht ginn, datt méi Leit wiele ginn.

  • Wéi vill demokratesch Erneierung?

    D'Regierung huet 2013 eng nei Kultur vun der Oppenheet annoncéiert. Eng nei Verfassung, méi politesch Participatioun an Transparenz goufe versprach.

  • Wéi eng Zukunft fir d'Stock options?

    De Steiervirdeel op de Stock options gouf vun de grousse Parteie kritiséiert. Knapp zwee Méint virun de Chamberwahle schéngt ee Konsens no.

  • Yves Cruchten

    D'LSAP huet hire Wahlprogramm ugeholl. Mam Generalsekretär vun de Sozialiste geet rieds iwwer d'Schwéierpunkten.

  • Si Wahlëmfroen nach modern?

    An de leschte Jore louchen d'Wahlëmfroen a méi Länner donieft.

  • Regele fir e faire Wahlkampf

    D'Verhandlungen iwwer en Ofkommes tëscht de Parteie lafen nach. Sträitpunkte sinn de Materialopwand, den Online-Wahlkampf an den Hate Speech.

  • DP Wahlprogramm: Haaptpropose goufe virgestallt

    Gratis ëffentlechen Transport, gratis Musekscourse fir Kanner a Steierentlaaschtunge fir kleng- a mëttelgrouss Betriber sinn e puer Elementer vum DP-Wahlprogramm fir d'Chamberwahlen.

  • Xavier Bettel

    Um DP-Kongress e Samschdeg gouf offiziell de Wahlprogramm virgestallt. En Text leit awer nach net vir. Detailer mam DP-Spëtzekandidat a Premier.

  • Parteikongress vun déi gréng

    déi gréng hunn hire Wahlprogramm fir d'Chamberwahlen eestëmmeg ugeholl. D'Pia Oppel mat enger Analys.

  • Christian Kmiotek

    déi gréng hunn e Samschdeg hire Programm fir d'Chamberwahlen ugeholl. Wat steet dran a wat net? De Parteipresident erkläert.

  • Carole Thoma

    "Engagéiert fir Verännerung" ass den Haaptmessage vun déi Lénk, déi op hirem Kongress hir Wahlcampagne lancéiert hunn.

  • Alex Bodry

    Kee gemeinsame Projet méi fir d'Dräier-Koalitioun? A wat fir e Projet fir d'LSAP? Doriwwer geet rieds mam LSAP-Fraktiounschef.

  • Robert Mehlen

    Mam fréieren ADR-President an Ex-Deputéierte geet ënner anerem rieds iwwer seng Kandidatur bei de Chamberwahlen an iwwer den Zoustand vun der Partei.

  • Charles Margue

    Wat zitt e Meenungsfuerscher an d'Politik? De Charles Margue, Ex-TNS-ILRes, iwwer seng Decisioun mat de Gréngen an d'Chamberwahlen ze goen.

  • Réckbléck op den DP Nationalkongress 2018

    Gëschter (22.4.2018) huet d'DP hiren Nationalkongress 2018 ofgehalen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen