Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Frank Harrison - Edith van den Heuvel (c) edithvandenheuvel.com

Edith van den Heuvel

D'Sängerin sengt an diverse Formatiounen: Duo, Trio oder Sextett. Si gëtt och Jazzvocalscoursen an huet eng Partie Concerten um Programm. Si war am Studio vum 100,7.

D'Yellowjackets aus Los Angeles bréngt al erfueren Huesen aus dem Jazz zesummen. D'Band huet en exzellente neien Album erausbruecht beim Label Mack Avenue: "Raising our Voice".

Am Jazzagenda stinn eng Partie Concerten am Kader vum Touch of noir zu Diddeleng an och am Neimënster.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen