Kappplooschter

Georges Urwald

Alldagsthemen, déi d'Lëtzebuerger Liddertexter an der Nokrichszäit inspiréiert an hir Nolauschterer ameséiert hunn. Eng kleng Lëtzebuerger Kulturgeschichtsstonn mat Opnamen aus den Nationalarchive vun der BNL, dem CNA an aus de Privatsammlunge vum Robert Jander an dem Georges Urwald. Dës Emissioun gëtt realiséiert a Kollaboratioun mam Cedom, dem Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

Georges Urwald

Déi nei ... Minijupe

Nei Mouden iwwerrasche Leit an inspiréieren Textdichter. Nei Lidder entstinn, déi um Enn dach déi bescht Reklamm sinn. De Georges Urwald presentéiert lëtzebuergesch Lidder aus der Vinyl-Zäit zum Thema Moud.

Rezent Emissiounen

  • Kuriositéiten aus der Vinyl-Zäit

    Kuriéis Themen aus dem Beräich vun der Lëtzebuerger Alldagskultur, déi a Lëtzebuerger Lidder verschafft goufen.

  • Bei ons am ... Théiwesbur

    Tëschemënschlech Bezéiungen ob einfach oder komplizéiert, verschafft a lëtzebuergesche Lidder

  • Déi nei ... Minijupe

    Nei Mouden iwwerrasche Leit an inspiréieren Textdichter.

  • F.C. Schinnegebeess géint ... den Hunn op der Bunn

    Fussball a Vëlossport rappen de Lëtzebuerger mat, um Spillfeld an am passende Lidd, dat déi verschidde Facettë vum Sport beliicht.

  • Schenk denger Fra ... eng nei Blus

    Meeschtens charmant, mee och mol bësseg, sangen Entertainer wéi den Hary Haagen oder Marcel Jander gären iwwer Fraen.
     

  • Eng Roulotte ... fiert den Houwald erop

    Duerch den Erfolleg vu Lidder bleiwen déi viru Joerzéngte modern Lëtzebuerger Gefierer an Erënnerung.

  • O déi Indianer ... um Camping

    Zelten, Liesen am klenge Bistro oder op der Plëss 'chillen', sinn, wann ee munchen Ouerewierm gleeft, beléifte Fräizäitaktivitéite vun de Lëtzebuerger.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen