CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Neies vum Emmanuel Krivine

De Camille Saint-Saëns war een exzellente Pianist, ee Wonnerkand, dat mat eelef Joer säin éischte groussen Optrëtt hat an als Mozart vum 19. Joerhonnert gegollen huet. Kee Wonner, datt seng Leidenschaft fir de Piano sech och a senge Kompositiounen ausdréckt. Fënnef Concerti huet de Saint-Saëns fir de Piano geschriwwen. De Bertrand Chamayou huet d'Nummeren 2 a 5 zesumme mam Orchestre national de France ënnert dem Emmanuel Krivine opgeholl. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen