Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Batteaux - Batteaux

Batteaux - dat sinn d'Gebridder Robin an David Batteau. Se stame vun der Ost-Küst vun Amerika wou se nom zweete Weltkrich opgewuess sinn. Allerdéngs sinn di Zwee musikalesch méi op der West-Küst doheem. 1973 hu se sech zesummegedoen fir hire sonnege Funk-ugehauchte Folk-Pop op Plack ze bréngen. Et sollt deen eenzegen Album vu "Batteaux" ginn.

Den Jamie Reinert féiert duerch den Album.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen