Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Wéi en Zukunftsprojet fir Blo-Gréng-Rout?

Fir d'éischte Kéier an de leschten honnert Joer riskéiert d'CSV zwou Legislaturperioden hannerteneen net an der Regierung ze sinn. Ee vun de Grënn ass de strategesche Rapprochement tëscht der DP an deene Gréngen am Joer 2011 mat enger Allianz och zënter 2013 mat der LSAP.

Wéi ass d'Iddi vun deem Block ouni d'CSV entstanen? Wat huet d'Dräierkoalitioun dem Land tëscht 2013 an 2018 bruecht, a wat kënnen d'DP, déi gréng an d'LSAP déi nächst fënnef Joer eventuell besser maachen?

Eng Woch no de Chamberwahlen an e puer Deeg nom Ufank vun de Koalitiounsverhandlungen tëscht deenen dräi Parteie schwätze mir a Riicht Eraus iwwert de méiglechen Zukunftsprojet vu Blo-Gréng-Rout.

Invitéë sinn den Abbes Jacoby (déi gréng), deen de Rapprochement mat der DP am Joer 2011 begleet huet; de Patrick Goldschmidt (DP), deen zënter Enn 2017 am Stater Schefferot mat der CSV zesumme schafft, mä deen op nationalem Plang e Frënd vun der Dräierkoalitioun ass; an de Ben Fayot, fréieren LSAP-Politiker, deen haaptsächlech sozialistesch Koalitioune mat der CSV matgemaach huet.

Moderatioun: Jean-Claude Franck
 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen