Kappplooschter

Georges Urwald

Alldagsthemen, déi d'Lëtzebuerger Liddertexter an der Nokrichszäit inspiréiert an hir Nolauschterer ameséiert hunn. Eng kleng Lëtzebuerger Kulturgeschichtsstonn mat Opnamen aus den Nationalarchive vun der BNL, dem CNA an aus de Privatsammlunge vum Robert Jander an dem Georges Urwald. Dës Emissioun gëtt realiséiert a Kollaboratioun mam Cedom, dem Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

Georges Urwald

Bei ons am ... Théiwesbur

Déi meeschte Lidder entstinn aus dem Alldag, aus der Interaktioun mat anere Mënschen. De Georges Urwald presentéiert lëtzebuergesch Lidder aus der Vinyl-Zäit zum Thema "Tëschemënschlech Bezéiungen". Et geet ëm d'Kaffisdämmchen, d'Duerfliewen an et geet op d'Kiermes.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen