Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Verstëpst an ongerecht?

De Lëtzebuerger Wahlsytem huet bal honnert Joer um Bockel a steet regelméisseg an der Kritik. Zum Beispill well eng Partei zwar vill Stëmme kritt, mee net deementspriechend vill Sëtz an der Chamber. Och bei dëse Wahlen war den Desquiliber tëscht Stëmmen a Sëtz nees en Thema: D'CSV huet iwwer fënnef Prozentpunkte géintiwwer de Chamberwahle vun 2013 verluer, an domadder zwee Sëtz. D'LSAP huet nëmmen hallef souvill u Stëmme verluer, mee huet elo dräi Sëtz manner. A wéi bei all Wahle bekloe sech duerno besonnesch déi kleng Parteien, déi et grad an de klenge Bezierker schwéier hu fir ee Mandat ze kréien. D'ADR versicht elo mat engem Recours géint d'Wahlgesetz eng Decisioun vum Verfassungsgeriicht erbäi ze féieren. De Politikwëssenschaftler Michel Dormal an de Soziolog Fernand Fehlen soen, datt et aner Modeller ginn, déi méi gerecht wieren ouni d'Stabilitéit vum politesche System a Gefor ze bréngen. Och op d'Bezierker an d'Panachéiere misst een net verzichten. Bei de grousse Parteien CSV, LSAP an DP ass ee skeptesch, wat eng grondsätzlesch Reform ugeet. Pia Oppel

Rezent Emissiounen

  • Réckbléck: Chamberwahlen 2018

    No de Chamberwahlen 2018 kann d'Dräierkoalitioun viru regéieren: domat hat virun de Wahle kaum ee gerechent.

  • Esou war d'Joer 2018 an den USA

    Iwwer kee Land gouf am Joer 2018 wuel esou vill geschriwwen wéi iwwer d'USA.

  • Wiederkapriolen 2018 - Ee Réckbléck

    D'Wieder huet 2018 fir esou munch Extremer gesuergt ...

  • Migratioun 2018 - ee Réckbléck

    D'Thema Migratioun war och dëst Joer op europäeschem an nationalem Plang op der Dagesuerdnung.

  • Wocheréckbléck: Wat war lass an Europa?

    De Brexit stoung och kuerz virun der Chrëschtvakanz ganz uewen. Donieft ass een eens doriwer ginn, verschidde Plastiks-Saachen ze verbidden.

     

  • Kierchefong: Ee Réckbléck

    2018 war en turbulent Joer fir de Lëtzebuerger Bistum wéinst dem neie Kierchefong an dem Ofschafe vun de Kierchefabricken.
     

  • Humanitär Krisen 2018

    Et hunn nach ni souvill Leit vun der Hëllef vun ONGe profitéiert, wéi am Joer 2018.

  • D'EU preparéiert sech op en No-Deal

    Et lafen ëmmer méi konkret PrEparatioune fir en No-Deal. D'Kommissioun wëllt dës Woch ee roude Fuedem fir esou e Zeenario presentéieren.

  • Wéi d'Stad Wien fir bezuelbare Wunnraum suerge well

    Déi éisträichesch Haaptstad plangt mat enger neier Mesure, fir méi bezuelbar Wunnengen ze suergen. 

  • Jean Asselborn

    De Lëtzebuerger Ausseminister reagéiert op den UN-Migratiounspakt, déi neiste Brexit-Evolutioun an d'Terrorattack zu Stroossbuerg um Chrëschtmaart

  • Amnesty International Lëtzebuerg

    Dëst Joer feiert déi universell Deklaratioun vun de Mënscherechter hire 70. Anniversaire. E Bléck op d'Aarbecht vun enger Mënscherechtsorganisatioun.

  • Politesche Wocheréckbléck

    D'Regierung steet, d'CSV ass am Gaange sech ze erneieren an d'Chamber ass nees komplett: Dës Woch ass vill geschitt an der Politik. Eng Analys.

  • Problemer bei der Postzoustellung

    D'Post-Direktioun erkläert dëst mat de kuerzfristegen Ausfäll beim Personal. D'Bréifdréieschgewerkschaft weist op strukturell Dysfonctionnementer hin.

  • D'Medien am Koalitiounsaccord

    De Koalitiounsaccord gesäit vir, den Zougang zu Informatioune fir Journaliste ze reforméieren. Eng Mesure déi d'ALJP besonnesch begréisst.  

  • Weltdag vu Mënsche mat enger Behënnerung

    Fuerderunge vun Infohandicap: Déi nei blo-rout-gréng Regierung misst op d'mannst déi Inklusiounspolitik weiderféieren, déi déi viregt ugefaangen huet.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen