Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Verstëpst an ongerecht?

De Lëtzebuerger Wahlsytem huet bal honnert Joer um Bockel a steet regelméisseg an der Kritik. Zum Beispill well eng Partei zwar vill Stëmme kritt, mee net deementspriechend vill Sëtz an der Chamber. Och bei dëse Wahlen war den Desquiliber tëscht Stëmmen a Sëtz nees en Thema: D'CSV huet iwwer fënnef Prozentpunkte géintiwwer de Chamberwahle vun 2013 verluer, an domadder zwee Sëtz. D'LSAP huet nëmmen hallef souvill u Stëmme verluer, mee huet elo dräi Sëtz manner. A wéi bei all Wahle bekloe sech duerno besonnesch déi kleng Parteien, déi et grad an de klenge Bezierker schwéier hu fir ee Mandat ze kréien. D'ADR versicht elo mat engem Recours géint d'Wahlgesetz eng Decisioun vum Verfassungsgeriicht erbäi ze féieren. De Politikwëssenschaftler Michel Dormal an de Soziolog Fernand Fehlen soen, datt et aner Modeller ginn, déi méi gerecht wieren ouni d'Stabilitéit vum politesche System a Gefor ze bréngen. Och op d'Bezierker an d'Panachéiere misst een net verzichten. Bei de grousse Parteien CSV, LSAP an DP ass ee skeptesch, wat eng grondsätzlesch Reform ugeet. Pia Oppel

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen