Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Mary Margaret O'Hara - Miss America

Di kanadesch Sängerin huet leider nëmmen eng Plack bis ewell verëffentlecht. Awer eng déi et op sech huet, a Museker wéi den Nick Cave, Morrissey oder och Perfume Genius staark beaflosst huet. "Miss America" gouf 88 vum experimentelle Gittarist Michael Brook produzéiert. En Album op deem d'Mary Margaret O'Hara hir Virléift fir Avant-Garde an Improvisatioun erausstécht. Kromme Pop, Americana. Mat enger Stëmm déi fräi an expressiv iwwert di minimalistesch Arrangementer schwieft. Presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

  • Grateful Dead - Aoxomoxoa

    Psychedeleschen Jam-Rock mat engem transzendentalen Edge

  • Pavement - Terror Twilight

    Terror Twilight, di lescht Plack vu Pavement feiert dese Mount hiren 20. Gebuertsdag. De Marc Clement huet nach eemol op di lescht Plack vun de Kalifronier zeréckgekuckt an erageläuschtert.

  • Crosby, Stills & Nash

    De Songwriter-Trio setzt d'Lat héicht am Genre a sicht no Verstärkung fir dësen Debut och live kënnen ze spillen. Woodstock waart ...

  • Neneh Cherry - Raw Like Sushi

    1989 gouf d'Neneh Cherry mat hirem Hit "Buffalo Stance" weltbekannt. Hiren Debut-Album huet awer vill méi ze bidde wéi eng bekannte Single.

  • The Free Design - Heaven/Earth (1969)

    Himmlesch Vocal Harmonien a grandios Arrangementer vun dëser psychedelescher Sunshine Pop Grupp

  • Weezer - Weezer (1994)

    Mat Lidder wéi "Buddy Holly" oder "Say It Ain't So" verbënnt eng ganz Generatioun Jugenderënnerungen.

  • The Pixies - Doolittle

    Op "Doolittle", hirem zweeten Album, presentéieren sech d'Pixies 1989 däischter an hefteg.

  • Nas - Illmatic

    Dem Rapper vu Queensbridge säi poeteschen Debut vun 1994

  • Leonard Cohen - Songs From A Room

    Mat "Songs From A Room" huet sech den Kanadier Leonard Cohen viru genee 50 Joer an der Songwriter-Elite etabléiert.

  • Townes Van Zandt - Our Mother The Mountain

    Balladen iwwer Léift, Jalousie an Trennung vum poetesche Country Songwriter

  • Scott Walker - Scott 3

    Säi grouss-orchestréierte Pop Album vun 69 mat onheemleche Momenter

  • The Cars - Heartbeat City

    De Quintett vu Boston verbënnt d'Iwwerreschter vum Rock aus de 70er mat der neier Synthpop-Ästhetik a mécht se Mainstream-kompatibel.

  • Dusty In Memphis

    Viru genee 50 Joer koum mat "Dusty In Memphis" den erfollegräichsten Album vun der Dusty Springfield eraus. Toptitel: "Son of a Preacherman"

  • Johnny Cash at St. Quentin

    De 25.Februar 1969 geet den Johnny Cash a Kalifornien an de Bing ... fir do viru begeeschterte Prisonéier e Live-Album opzehuelen.

  • Steely Dan - Pretzel Logic

    Den drëtte Long-Player vun 1974 vun den zwee Jazz-Rock Acolyten

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen