Musek am Gespréich

Guy Engels Manuel Ribeiro Luc Boentges

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

De KammerMusekVeräin Lëtzebuerg a China

Ronn zwou Wochen war de KammerMusekVeräin Lëtzebuerg a China ënnerwee. Um Programm stoungen dräi Statiounen - Peking, Chengdu an Nanning - mat véier Concerten. Gespillt goufe Wierker vu chinesesche Komponisten an och vum Marcel Reuter a vum Camille Kerger. A Musek am Gespréich maache mer e Bilan vun dësem spannende musikalesch-kulturellen Austausch.  

  • Gao Ping: Pianoquintett (2. Saz)
  • Qui Pang YangYang: Whale Fall
  • Dai Li Xia: The Gurgling Nahu 
  • Marcel Reuter: Mezza voce
  • George Crumb: Eleven Echoes of Autumn

KammerMusekVeräin Lëtzebuerg

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen