Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Opeth & God Dethroned

Opeth

Opeth ginn nach dëst Joer an de Studio fir den Nofolger vun hirem Album Sorceress opzehuelen, deen 2016 erauskomm war. Ënnert anerem dat huet de Gittarist Fredrik Akesson am Interview verroden, an deem ech awer virun allem iwwert den neie Live Album Garden Of The Titans geschwat hunn, deen d'nächst Woch den 2. November 2018 erauskënnt, an op deem déi schwedesch Band hiren Optrëtt am Red Rocks Amphitheater zu Denver presentéieren.

God Dethroned

Mam Drummer vu God Dethroned, dem Michiel van der Plicht, hat ech Riets iwwert de leschten Album vun der Band, aktuell Pläng an de Concert, dee se muer am Stadhaus zu Déifferdeng um Differdanger ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen