Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Opeth & God Dethroned

Opeth

Opeth ginn nach dëst Joer an de Studio fir den Nofolger vun hirem Album Sorceress opzehuelen, deen 2016 erauskomm war. Ënnert anerem dat huet de Gittarist Fredrik Akesson am Interview verroden, an deem ech awer virun allem iwwert den neie Live Album Garden Of The Titans geschwat hunn, deen d'nächst Woch den 2. November 2018 erauskënnt, an op deem déi schwedesch Band hiren Optrëtt am Red Rocks Amphitheater zu Denver presentéieren.

God Dethroned

Mam Drummer vu God Dethroned, dem Michiel van der Plicht, hat ech Riets iwwert de leschten Album vun der Band, aktuell Pläng an de Concert, dee se muer am Stadhaus zu Déifferdeng um Differdanger ginn.

Rezent Emissiounen

  • Shadowhispers & Memoriam

    Neies aus der Lëtzebueger Metalzeen mat engem weidere Release: Shadowhispers stellen hir nei EP vir.

  • Metalfestival Koplescht & Cut Up

     10 Joer Metalfestival zu Koplescht an den neien Album vu Cut Up

  • An Apple A Day & Fit For An Autopsy

    Dës Woch gëtt et en Interview mat der Lëtzebuerger Band An Apple A Day.

  • Crucify The Faith

    Metal aus dem europäeschen Norden: entdeckt déi finnesch Metalband

  • Heaven's Scum

    Haaptsujet an eisem Metal-Rendezvous: den neien Album vun der Lëtzebuerger Band Heaven's Scum

  • Heaven's Scum & Antropomorphia

    En neie Lëtzebuerger Release steet am Mëttelponkt ...

  • Kreator

    Mat ë.a. dem neien Album "Gods Of Violence" vun den däitschen Thrash Legende Kreator

  • Metal Meltdown

    Mat ë.a. engem Interview mat der däitscher Band Nails To Obscurity an eng Review vun der Formatioun Ranger.

  • Nailed To Obscurity

    Am Fokus dës Kéier de Review vum neien Nailed To Obscurity Album King Delusion.

  • Necksplosion Fest

    Am Metal Meltdown dréit sech dës Kéier alles ëm en neie Festival, deen am Mäerz an der Schungfabrik zu Téiteng stattfënnt

  • Carradine & Sepultura

    Deen neien Album vu Sepultura am Review.

  • Metal aus den USA 2.0

    Deel 2 vun der Geschicht vum Metal an den USA.

  • Metal made in USA

    Am Kontext vum Thema um Mount um radio 100,7 - d'Vereenegt Staate vun Amerika: d'US Metalzeen.

  • Metal Highlights 2016

    De Réckbléck op 2016

  • Decipher & Leprous

    Léiert déi jonk progressive Band Decipher kennen a lauschtert de Review vum neie Live Album vu Leprous, Live At Rockefeller Music Hall.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen