Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

Zënter zwanzeg Joer steet d'Fro vun der Ongläichheet am Zentrum vun den Geeschteg- an Sozialwëssenschaften, fir déi Nokrichsgesellschaft ze beschreiwen. Mä schonn eleng an dësem Zäitraum hu sech d'Bedingunge vum Aarbechtsliewen erëm verännert an nei Forme vun Onsécherheet sinn entstanen, trotzt engem gutt funktionéierende Sozialstaat. Zur selwechter Zäit fanne radikal Changementer statt, déi  déi sozial Verbindungen innerhalb vun der Famill oder der Allgemengheet betreffen. Nei Formen a Funktiounen entstinn. Begrëffer wéi "Solidaritéit", "Risikogesellschaft", "Ausgrenzung", "Vulnerabilitéit" beschreiwen dës sozial Verännerungen.

Akommes a Wunnen, Gender, Bildung, Migratioun a kulturell Diversitéit, waren Themen déi den 2. Oktober an der Maison du Peuple zu Esch-Uelzecht, debattéiert goufen. 

Organiséiert ennert anerem, vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg a Kooperatioun mam radio 100,7 - opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Keynote: "Soziale Ungleichheit in Europa" vum Professor Dr. em. Hartmut Kaelble, Humboldt-Universität, Berlin. © Université du Luxembourg

Diskutéiert haten: André Roeltgen (OGBL-President), Nicolas Schmit (Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft), Anik Raskin (Conseil national des Femmes au Luxembourg), Charel Schmit (Caritas Lëtzebuerg), Dr. Sophie Schram (Historikerin), Dr. Antoine Fischbach (Uni Lu), v.l.n.r.. Montage: Carlo Link / Fotoen: © Université du Luxembourg

Forum Z vum 2. Oktober 2018: Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg? © Université du Luxembourg

Forum Z, eng kritesch an oppen Debatt iwwer aktuell Themen an der Perspektiv vun der lëtzebuergescher an der europäescher Zäitgeschicht: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Noriichten

  • Panorama

  • Moies-Magazin

  • Noriichten

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen