Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

"Datt Ministeren a Verwaltungen iwwer hiren Ego ewechsprangen"

D'Koordinatioun vum Grupp "Ronnen Dësch" fuerdert an hire Recommandatiounen un déi zukünfteg Regierung en besser prise en charge vun Asyldemandeuren, mee setzt sech och fir gesamtgesellschaftlech Verbesserungen an. Lëtzebuerg géif sech vill veränneren, an an där Entwécklung dierft kee vergiess ginn, gëtt de Serge Kollewelter am 100,7-Interview ze verstoen. Eng konkret Fuerderung ass, datt Jonker ënner 25 een Urecht op eng eenheetlech Sozialhëllef kréien, eng aner ass eng besser Koordinatioun tëscht Ministèren a Verwaltungen an Asyl- an Integratiounsfroen. Wichteg wier och, datt Asyldemandeuren, déi traumatesch Erfarunge gemaach hunn, besser opgefaange ginn. D'Christiane Kleer huet mam Serge Kollwelter geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen