Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

D'Stolproduktioun zu Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

Am November 1918, viru genee 100 Joer, ass no véier Joer deen éischten industrielle Krich vun der Mënschheetsgeschicht op en Enn gaangen. Zu Lëtzebuerg selwer ass kaum gekämpft ginn an awer haten d'Land a seng Awunner ënner de Konsequenze vum "Grousse Krich" ze leiden, notamment och d'Stolindustrie, déi sech an de Joerzéngte virdrun entwéckelt hat an zum ekonomeschen Developpement vu Lëtzebuerg bäigedroen hat. De Mohammed Hamdi resuméiert d'Krichsjoren an hir Konsequenzen op déi Lëtzebuergesch Stolindustrie.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen