CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Spuenesch Musek fir Bléiserquintett

Am Joaquin Turina sengem Wierk spillt Kammermusek just eng kleng Roll. Et si virun allem seng Orchesterstécker, seng Kompositioune fir de Piano an d'Gittar, déi et reegelméisseg op Concertsaffichë packen. Fir Bléiserquintett huet den Turina ni geschriwwen. Et ass säin Enkel José Luis Turina, deen no enger éischter Renconter mam Azahar-Ensemble op d'Iddi koum, Musek vum Grousspapp fir dës Formatioun ze adaptéieren. 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen