Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.
CD-Klassik


Spuenesch Musek fir Bléiserquintett
Am Joaquin Turina sengem Wierk spillt Kammermusek just eng kleng Roll. Et si virun allem seng Orchesterstécker, seng Kompositioune fir de Piano an d'Gittar, déi et reegelméisseg op Concertsaffichë packen. Fir Bléiserquintett huet den Turina ni geschriwwen. Et ass säin Enkel José Luis Turina, deen no enger éischter Renconter mam Azahar-Ensemble op d'Iddi koum, Musek vum Grousspapp fir dës Formatioun ze adaptéieren.
Rezent Emissiounen
-
Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern
Zwee Pianosconcerti mat der Pianistin Claire Huangci
-
D'Favoritte vun Telemann & Co.
Sonaten a Suiten nom Telemann, Bach, Händel a Blavet
-
Palette
Den Nathanael Carré interpretéiert eegen Arrangementer vu Stécker fir Flütt a Piano mat sengem Ensembel Nuanz lieweg an erfrëschend.
-
Wien
De Pianist Gabriele Leporatti proposéiert Stécker ronderëm d'Stad Wien an enger zum Deel ganz introvertéierter Stëmmung.
-
Tëschent zwou Welten
De Pianist Witold Janiak verbënnt a sengem Wierk Noesis e klassescht Sträichquartett mat Jazz-Improvisatiounen um Piano.
-
D'Flütt am 20. Joerhonnert
Wierker vum Frank Martin a vum André Jolivet
-
Works for Violin & Orchestra
Den Erez Ofer an de Rundfunk-Sinfonierochester Berlin proposéieren dräi Kompositioune vum Hans Gál, Joseph Kaminski a Leonard Bernstein.
-
Dem Gossec seng Symphonien
Den Opus IV beim Label CPO
-
En Album mat vill Gefill
Den norwegesche Pianist Nils Anders Mortensen interpretéiert dräi Wierker vum Johann Sebastian Bach.
-
Eng Approche, déi iwwerzeegt
Den Cellist Leonard Elschenbroich an de Pianist Alexei Grynyuk proposéieren op hirem aktuellen Disk Cello-Sonate vum Ludwig van Beethoven.
-
Dem Brahms säi musikalescht Testament
Sechs Klavierstücke opus 118, Sonat fir Braatsch a Piano Nr. 1 opus 120
-
Buedemstänneg Interpretatiounen
Op hirem aktuellen Disk iwwerzeegen d'Berliner Barock Soliste mat Concerti Grossi vum Georg Friedrich Händel.
-
Ecos del Parnaso: spuenesch Madrigalen
D'Madrigale komme wuel aus Italien, mee och spuenesch Komponisten hu sech fir dës Vokalkompositiounen interesséiert.
-
En Hommage un zwee Virtuosen
Op hirem aktuellen Disk éieren de Geiist Dimitry Sitkovetsky an de Pianist Lukas Geniušas de Sergei Rachmaninow an de Fritz Kreisler.
-
Geievirtuos aus dem Barock
Sonate vum Carl Höckh
Net verpassen
-
Live aus der Philharmonie
De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen