Musical Consulting

Guy Engels Luc Boentges

D'Luuchte gi gedimmt an d'Museker vum Symphonieorchester kommen op d'Bühn. Si sëtze sech, stëmmen hir Instrumenter a waarden op den Dirigent. Mee firwat eigentlech? Si kënnen dach all Noute liesen, a spille scho jorelaang hiert Instrument. Firwat kënne si net einfach eleng spillen?
Froe wéi där ginn et der honnertdausend. Dacks traut ee sech awer net, se ze stellen.
Falls och Dir eppes hutt, wat Dir ëmmer schonn iwwer déi klassesch Musek wësse wollt, kënnt Dir iech mellen iwwer den Telefon 44 00 44 777 oder per Mail op fro@100komma7.lu, an eis Museksredaktioun mécht sech op d'Sich no der Äntwert a presentéiert hir Decouverte op der Antenn vum radio 100,7 an och an der Mediathéik.

Vu wéini un ass Musek klassesch?

Wann ee vu "klassescher Musek" schwätzt, huet jiddwereen eng gewëss Virstellung am Kapp. Eng genee Definitioun ze fannen ass allerdéngs schwéier. Ass et eng Musek, déi al ass? Huet et eppes mat den Instrumenter ze dinn? Wat versteet een iwwerhaapt ënner "klassesch"?

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdes-Magazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen