Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Geir Sundstøl

Geir Sundstøl & Sova Stroj

"Brødløs" - esou heescht dem Geir Sundstøl seng nei Plack. Den norwegesche Museker experimentéiert op dëser mat diverse Stiler a liwwert vill genësslech Slide Gittar a Pedal Steel Téin. Seng instrumental Musek kann een als ambiente Country bezeechnen. Morricone héiert een eraus, mee den David Bowie, Ry Cooder an John Coltrane sinn och net wäit eweg.

Sova Stroj ass e Kënschtler, deen an der Lëtzebuerger Muskeszeen eng Nisch fir sech entdeckt huet. Nodeems hie Black Metal, Punk an Elektro Pop exploréiert huet, huet hien de Modularsynthesizer fir sech entdeckt. Seng Musek ass monoton a flächeg, awer et geléngt him, fir beim Nolauschterer Biller a Gefiller ze evoquéieren.

Den Jamie Reinert an den Yves Stephany ënnerhale sech mat de Museker.

Playlist:

  1. Geir Sundstøl - Kraag (Brødløs, 19.10.2018 - Hubro)
  2. Geir Sundstøl - Warszaw/Alabama (Brødløs, 19.10.2018 - Hubro)
  3. Geir Sundstøl - Waterloo (Brødløs, 19.10.2018 - Hubro)
  4. Steve Gunn - New Moon (The Unseen In Between, 18.01.2019 - Matador)
  5. Sova Stroj - Bodies In Orbit (Stills, 31.08.2018 - Testtoon)
  6. Fever Ray - In I Had A Heart (Fever Ray, 12.01.2018 - Rabid)
  7. Sarah Davachi - Brumeux (The Untuning of the Sky, 25.06.2018 - Full Spectrum Records)
  8. Sova Stroj - Terry Incognita (Nebula/Nox, 31.08.2018 - Testtoon)

Rezent Emissiounen

  • Jerry Paper, Madeline Kenney & Odd Beholder

    E Crooner, eng Bäckesch an eng Éisträicherin

  • Caoilfhionn Rose, Gogo Penguin & Ryvage

    En Abléck an d'Musekszeen zu Manchester an dem lëtzbuerger Produzent Ryvage seng Arbecht

  • Son Lux

    De Ryan Lott (Son Lux) iwwer seng villsäiteg Carrière a seng Kompositiounsmethoden

  • Fenster & Q Morrow

    Am Gespréich: D'JJ Weihl vum Berliner experimentelle Pop Projet Fenster an den amerikaneschen Jazz Gittarist Q Morrow

  • Frontier Ruckus & Sandro Perri

    Op Besuch: den amerikanesche Folk-Pop Trio Frontier Ruckus an de kanadeschen experimentelle Pop Museker Sandro Perri.

  • Adrian Crowley & Stuff.

    Op Besuch: den iresche Singer-Songwriter Adrian Crowley an den Bassist bei der belscher Elektro Groove Formatioun Stuff

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen