Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Romain Schmit

D'Handwierker-Fédératioun huet virgëschter op enger Pressekonferenz deen een oder anere klore Message un d'Adress vun där nächster Regierung adresséiert: konkret Revendicatioune a vill Kritik verbonne mat e bësse Roserei. Fir d'Fuederunge vum Secteur erkläert ze kréien, an d'Onzefriddenheet vum Handwierk besser verstoen ze kënnen, ass de Romain Schmit, de Generalsekretär vun der Fédération des Artisans, Invité vum Dag beim Maurice Molitor. 

Rezent Emissiounen

  • Sophie in 't Veld

    Déi liberal Europadeputéiert aus Holland engagéiert sech fir Grondrechter an Dateschutz. Mat wéi engen Erwaardunge geet si an de Wahlkampf?

  • Guy Schmit

    D'Problematik vun der Schwéngspescht aus der Siicht vun engem Schwéngsziichter, deen och de President vun der Déierenzuucht-Genossenschaft Convis ass.

  • Sebastian Reddeker

    Mam CEO vu Luxembourg for Tourism geet rieds iwwer d'Efforte fir Lëtzebuerg als attraktiv Touristendestinatioun ze vermaarten.

  • Manfred Weber

    Mam Spëtzekandidat vun der EVP geet ënner anerem rieds iwwer Fidesz-Partei an déi grouss Enjeue vun den Europawahlen.

  • Romain Schneider

    Mam Landwirtschaftsminister geet rieds iwwer d'Mesürë géint d'afrikanesch Schwéngspescht an d'Kritiken, mat deenen hien an deem Kontext konfrontéiert ass.

  • Claudia Monti

    Mir froen d'Ombudsfra, wat muss geschéien, fir datt keng Mannerjäreger méi an de Prisong op Schraasseg kommen.

  • Änder Schanck

    Kennen d'Naturata-Butteker sech géint d'Supermarchée behaapten? Mir froen de President vum Mammenhaus OIKOPOLIS.

  • André Hoffmann

    De President vum COSL iwwer den Zoustand vum Lëtzebuerger Sport an d'Erausfuerderunge vum nationalen Olympesche Comité.

  • Philippe Lamberts

    Wéi gréng gëtt dat nächst Europaparlament? Dat froe mir de belsche Politiker, deen zanter fënnef Joer Co-President vun der grénger Fraktioun am Europaparlament ass.

  • Luc Frieden

    Een Dag no senger Nominatioun ass den neie President vun der Chambre de Commerce Invité am Studio.

  • Jean-Claude Juncker

    Den EU-Kommissiounspresident verréit wisou hie keen zweet Mandat ustrieft, datt hien am Léifste Premier war an datt hien d'Regierung kéint beroden.

  • Marc Wengler

    Vu Gewalt géint CFL-Agenten iwwer (on-)pünktlech Zich bis bei héich Investissementer: e Gespréich mam Generaldirekter vun der Eisebunn.
     

  • François Pauly

    De Medie-Grupp Saint-Paul Luxembourg huet een neie President: de François Pauly ass zënter der leschter Woch offiziell den Nofolger vum Luc Frieden.

  • Claude Fellens

    De "Service national du Médiateur de la consommation" gëtt et zënter Enn 2016 hei am Land. Wéi gesäit den Tëschebilan aus?

  • Raymond Juchem

    Mam President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft geet rieds iwwer d'Problemer an d'Erausfuerderunge vum Facteurs-Beruff.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen