Fräie Mikro

radio 100,7

Mir informéieren Iech, datt eis Rubrik "Fräie Mikro" vun der Rentrée un, dëse 16. September, virleefeg suspendéiert ass.

D'Meenungsvilfalt an den Accès vun der Zivilgesellschaft op eis Antenn si fir eis wichteg a wäerte sech och an Zukunft an eisem Programm zeréckspigelen. Mir schaffen un engem neie Konzept, deen dem "Fräie Mikro" eng nei a méi kohärent Plaz an eisem Programm gëtt.

Fraen am Éischte Weltkrich

E Sonndeg ass d'Commemoratioun vun honnert Joer Armistice. Den 11. November 1918 um 11 Auer hunn d'Kanounen opgehalen an zanterhier gëtt deen Dag un déi verstuerwen Zaldote geduecht. D'Anne Heniqui denkt am Fräie Mikro un déi schwéier Momenter, déi d'Fraen deemools hu missen erdroen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen