Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Jefferson Airplane - Volunteers

Mam Album "Surrealistic Pillow" an den zwee Single-Hits "Somebody To Love" a "White Rabbit" huet Jefferson Airplane zanter 1967 Erfolleg: de Sound vun der US-Westcoast ass zu där Zäit gefrot an d'Band ronderëm déi charismatesch Sängerin Grace Slick hat d'Lat héich geluecht fir déi nächst Produktiounen.

Besonnesch de fënneften Album "Volunteers" - den Album gëtt och alt emol mam Titel "Volunteers of America" bezeechent -  confirméiert de quasi Kultstatus vun der Formatioun. Et ass alles dran, wat ugesot ass: politesch engagéiert Texter, acid Aflëss iwwer de ganzen Album verstreet, direkt Sprooch, exzellente Gittaresound, laang Live-Versioune vun de Lidder.

Den Album kënnt bei RCA Victor eraus - de leschte Release bei där Plackefirma, duerno publizéiert d'Band um eegene Label Grunt. Den Titelsong ass e kuerzen Anti-Krich-Song ... matzen am amerikanesche Vietnam-Trauma. D'Kompositioun "Wooden Ships" gëtt méi spéit ee vun de groussen Hits vu Crosby, Stills, Nash & Young.

Presentéiert vum Fred Medernach

Rezent Emissiounen

  • Leftoverture - Kansas

    Den Album "Leftoverture" vun 1976 vun der US-amerikanescher Band Kansas war dee mat deem se international bekannt gouf.

  • Status Quo - Piledriver

    1972 wiesselt Status Quo d'Plackefirma an ass prett fir en neie Sound: Rock op Boogie-Basis!

  • Then Play On - Fleetwood Mac

    Um Ufank stoung de Blues: bescht Beispill ass dësen 69er Album. Rock a Pop koume bei den Amerikaner eréischt duerno.

  • Grace - Jeff Buckley (1994)

    Éischten, eenzegen a leschten Album!

  • Third Stage - Boston

    Op dësem Album, dee sechs Joer gebraucht huet, ass wierklech näischt, wéi bei Aneren aus der Rockzeen. 

  • Ten - Pearl Jam

    "Ten" ass den Debutalbum vum Eddie Vedder a Pearl Jam.

  • Exile On Main Street - The Rolling Stones

    Den 72er vun Jagger/Richards a Co. war bei senger Sortie net onëmstridden: ze vill Verschiddenes, huet et geheescht.

  • 5th Dimension -The Byrds

    Mam drëtten Album vun deene véier Byrds geet et an déi fënneft Dimensioun!

  • Barcelona - Mercury-Caballé

    1988 verëffentlecht de Freddy Mercury zesumme mat der Operesängerin Montserrat Caballé den Album "Barcelona". 

  • Felt Mountain - Goldfrapp

    Goldfrapp hiren Debu Album Felt Mountain war ee millenial motivéierte Réckbléck op e Joerhonnert vu Kricher a gescheiterten Utopien.

  • Electric Ladyland - Jimi Hendrix

    De leschten (Duebel-)Album vun der Jimi Hendrix Experience aus dem Joer 1968 ass dem Amerikaner seng eenzeg Nummer 1 a senger Heemecht.

  • Odessey And Oracles - The Zombies

    De leschten Album vun der Band ronderëm de Rod Argent an de Colin Bluntstone gouf an den Abbey Road Studios opgeholl.

  • Born In The USA - Bruce Springsteen

    Den erfollegräichsten Album vum “Boss” (1984) verkeeft sech iwwer 30 Millioune Mol a leet de Fanger an e puer amerikanesch Wonnen.

  • Remain In Light - Talking Heads

    Dee véierte Studio-Album vun der New Yorker Band ass eng Mëschung aus New Wave a World Music.

  • X für'e U - BAP

    Ee vun den erfollegräichsten däitsche Rockalbumen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen