Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Jefferson Airplane - Volunteers

Mam Album "Surrealistic Pillow" an den zwee Single-Hits "Somebody To Love" a "White Rabbit" huet Jefferson Airplane zanter 1967 Erfolleg: de Sound vun der US-Westcoast ass zu där Zäit gefrot an d'Band ronderëm déi charismatesch Sängerin Grace Slick hat d'Lat héich geluecht fir déi nächst Produktiounen.

Besonnesch de fënneften Album "Volunteers" - den Album gëtt och alt emol mam Titel "Volunteers of America" bezeechent -  confirméiert de quasi Kultstatus vun der Formatioun. Et ass alles dran, wat ugesot ass: politesch engagéiert Texter, acid Aflëss iwwer de ganzen Album verstreet, direkt Sprooch, exzellente Gittaresound, laang Live-Versioune vun de Lidder.

Den Album kënnt bei RCA Victor eraus - de leschte Release bei där Plackefirma, duerno publizéiert d'Band um eegene Label Grunt. Den Titelsong ass e kuerzen Anti-Krich-Song ... matzen am amerikanesche Vietnam-Trauma. D'Kompositioun "Wooden Ships" gëtt méi spéit ee vun de groussen Hits vu Crosby, Stills, Nash & Young.

Presentéiert vum Fred Medernach

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Papperlapop

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen