ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Den 10. November 1918: Revolutioun zu Lëtzebuerg?

Den 10. November 1918, am Virfeld vum Armistice, mat deem den Éischte Weltkrich op en Enn goung, koum et an der Stad Lëtzebuerg zur Schafung vun engem Aarbechter- a Bauererot, engem Sowjet, no russesch-däitschem Virbild. Firwat deemools eng revolutionär Beweegung zu Lëtzebuerg entstanen ass, wéi eng Ziler se hat a wéi eng Auswierkungen op Politik a Gesellschaft dës Beweegung virun 100 Joer hat, analyséiert den Zäithistoriker Jacques Maas.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen