
Gregor Schusterschitz
Dräi Deeg laang ginn an der Stater Cinémathéik sechs Filmer gewisen, déi vun den Ambassadeuren aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz ausgesicht goufen. Dëse klenge Filmfestival leeft ënner dem Numm DACH-Filmtage. Iwwer de Choix vun de Filmer an der Iddi, déi hanner der Thematik vun de Mënscherechter steet, huet d'Valerija Berdi mam éisträicheschen Ambassadeur Gregor Schusterschitz geschwat. D'Gespréich ass am Virfeld opgeholl ginn.