Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Opeth

Review vun der Woch: Opeth - Garden of the Titans (9/10)

Am Laf vun hirer bal 30 Joer laanger Carrière huet déi schwedesch Progressive Metal Band Opeth well dräi Live Albumen erausbruecht, op deenen - ofgesi vum "Lamentations" Live Album vun 2003 - ëmmer Stécker aus der ganzer Carrière vun der Band presentéiert goufen. Dat ass och op "Garden of the Titans" de Fall, op deem hiren Optrëtt ze gesinn an ze héieren ass, dee si zejoert am Mee am Kontext vun der Sorceress Tour am Red Rocks Amphitheater bei Denver am Colorado zum Beschte ginn hunn, an deen haut (2.11.18) esouwuel als Blu-ray, wéi och als DVD, CD, Vinyl an digital erauskoum. Et feelen allerdéngs - wéi gewéinlech op de Concerten an de leschte Joren - d'Lidder vun den éischten zwee Albumen. Ausserdeem ass et den éischte Live Album, op deem et och Stécker vun den dräi leschten, manner metalleschen Albumen ze héiere gëtt, notamment "Sorceress", "The Wilde Flowers" an e Stéck, wat se nach net sou dacks live gespillt hunn, nämlech "Era".

An och wann d'Lidder vun Heritage, Pale Communion a Sorceress méi u Progressive Rock aus de 70er erënneren, wéi un den Death Metal, deen Opeth am Ufank vun hirer Carrière gemaach hunn, passen dës Stécker dach iergendwéi wonnerbar an d'Seltlist, wat wuel ënner anerem dorunner läit, datt d'Produktioun vum Album extrem gutt ass, an alles vu fir bis hanne fett, heavy an awer och immens kloer, voll an oppe kléngt, an datt d'Band och mam Tempo gespillt huet fir déi nei Lidder méi heavy kléngen ze loossen, wat virun allem bei Sorceress opfält, wat e Krack méi lues virugeet.

Op der anerer Säit hëlleft et natierlech och, datt live och bei den ale Lidder de Keyboard dacks an den Asaz kënnt, an doduerch de ganze Concert méi homogen wierkt.

D'Band weist sech, vun e puer klenge Feeler oder Onsécherheeten an de Lyrics an enger hallwer Nout, déi an engem Solo falsch war, vun hirer beschter Säit an et kann een ëmmer nëmmen op en Neits staunen, wéi gutt d'Schweden hir Instrumenter beherrschen.

Och de Sänger Akerfeldt, deen an de leschten 10 bis 15 Joer live dacks Schwieregkeete mat de Growls hat, huet um Red Rocks Concert déi Growls ausgepak, déi hien ëm d'2000er Wend op den Zenit vun de gudde Growler katapultéiert hat.

Den Album Cover, op deem d'Red Rocks zesumme mat de Gesiichter vun de Band-Memberen ofgezeechent sinn, ass iwwregens och wonnerschéi gemaach an erënnert un de Mount Rushmoore an ass gläichzäiteg eng Referenz un de véierte Deep Purple Album "Deep Purple In Rock".

Fir Opeth Fans e Muss!

Playlist

  1. Sepultura - Escape To The Void
  2. Virgin Steele - Hearts On Fire
  3. Metal Church - Out Of Balance
  4. Faanefjell - Styggedommen Vaakner
  5. Jinjer - Ape
  6. Opeth - Heir Apparent
  7. Mindpatrol - For The Living
  8. Ihsahn - Lend Me The Eyes Of Milennia
  9. Soilwork - Full Moon Shoals
  10. Lost In Pain - Gold Hunters

Rezent Emissiounen

  • Dimmu Borgir & Nargaroth

    ... mat zwee nei Black Metal Albumen

  • Dead Sinners & Obituary

    Déi nächst Woch brénge Porn Queen hir nei EP eraus. Oder besser gesot, déi Band déi fréier emol Porn Queen geheescht, an hiren Numm elo geännert huet.

  • Mam Debutalbum beim Kultlabel Nuclear Blast

  • My Own Ghost & Firespawn

    Dës Woch gëtt et een Interview mat My Own Ghost, eng bësse méi poppeg Rock Band. Ënnert anerem ware si viru kuerzem mam Tarja op Tour.

  • Charity Mosh & Body Count

    Am Norde vum Land ass de 29. Abrëll eng méi lass wat Metal betrëfft ...

  • Children Of Bodom & Warbringer

    D'finnesch Band am Interview a vill Musek

  • Shadowhispers & Memoriam

    Neies aus der Lëtzebueger Metalzeen mat engem weidere Release: Shadowhispers stellen hir nei EP vir.

  • Metalfestival Koplescht & Cut Up

     10 Joer Metalfestival zu Koplescht an den neien Album vu Cut Up

  • An Apple A Day & Fit For An Autopsy

    Dës Woch gëtt et en Interview mat der Lëtzebuerger Band An Apple A Day.

  • Crucify The Faith

    Metal aus dem europäeschen Norden: entdeckt déi finnesch Metalband

  • Heaven's Scum

    Haaptsujet an eisem Metal-Rendezvous: den neien Album vun der Lëtzebuerger Band Heaven's Scum

  • Heaven's Scum & Antropomorphia

    En neie Lëtzebuerger Release steet am Mëttelponkt ...

  • Kreator

    Mat ë.a. dem neien Album "Gods Of Violence" vun den däitschen Thrash Legende Kreator

  • Metal Meltdown

    Mat ë.a. engem Interview mat der däitscher Band Nails To Obscurity an eng Review vun der Formatioun Ranger.

  • Nailed To Obscurity

    Am Fokus dës Kéier de Review vum neien Nailed To Obscurity Album King Delusion.

Programm

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen