Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Positiven Avis vun der UNESCO fir den Tram

D'UNESCO gëtt an engem Avis gréng Luucht fir den Tronçon B vum Tram. Beim Tracé - dee vun der Bréisseler Plaz iwwer déi nei Bréck op d'Paräisser Plaz féiert - schwätzt d'UNESCO an hirem Communiqué vun e Mëttwoch vun engem "progrès dans la vie urbaine". De Maurice Antony huet mam Robert Philippart, Site Manager vun der UNESCO an der Stad Lëtzebuerg iwwer deen Avis, säi Contenu a Repercussiounen fir den Tram bei engem negativen Avis, geschwat.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen