Klangbiller

Jamie Reinert

Mat engem spatzen Ouer ginn déi alldeeglech Kläng op eemol spannend. Personnagen, Plazen an Ereegnesser ziele mat hiren Téin Geschichten, déi an dëser Sendung an hirer rauer Pruecht erfaasst ginn.

Menny Olinger

Menny Olinger

Keramik ass d'Matière, déi de Menny Olinger am Moment faszinéiert. An der Schläifmillen sculptéiert hie seng magesch Wierker. Den Jamie Reinert huet en Hierschtmoien an dësem verdreemten Uert verbruet. Op Besuch am Atelier vum Menny Olinger.

Rezent Emissiounen

  • Ënnert dem Capot

    Zwou Generatiounen iwwert hir Passioun als Autosmechaniker

  • An der Bakstuff

    "Dat schmaacht nach ëmmer esou gutt, wéi den éischten Dag"

  • Um Chantier

    Schifer, Gipsplacken a Gekabels

  • Doudegriewer: Graf op, Graf zou

    Bei der Aarbecht vum Doudegriewer Jérôme Controguerra war den Jamie Reinert mam Mikro debräi fir e Klangbild vun engem Kierfecht.

  • Paradiso

    Eng Gare wéi keng aner

  • D'Stëmm vum Stol

    Op der fréierer Schmelz du Diddeleng mam Misch Feinen

  • Um Maart

    E verschneite Mëttwoch Moien um Knuedler

  • Kokosnëss, Kabes a Kaméidi

    Am Toun-fir-Bild Studio héiert een allerhand Saachen.

  • Aire de Berchem

    Moies um hallwer zéng op der Raschtplaz

  • Menny Olinger

    Op der Schläifmille beim éischter diskrete Sculpteur

  • Paul Kayser

    Beim Organist um Ducksall vun der Paterekierch

  • Jean-Pierre Reitz

    Op Besuch am Atelier vum Péitenger Geiebauer

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen