Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Milo Rau a säi Kongo-Tribunal

Sechs Milliounen Doudeger an d'Welt huet sech net dofir interesséiert. Dat ass de Fazit no 20 Joer Krich am Kongo. Datt de Kongo awer weltwäit deen zweetgréisste Liwwerant vum Mineralstoff Coltan ass, deen a praktesch allen elektronesche Geräter stécht, wëssen déi Mannst.
Duerch den Ofbau vum Coltan vun internationale Konzerner, verbessert sech d'Liewenssituatioun am Kongo absolut net. Wie sinn déi Responsabel? De Milo Rau huet e fiktiivt Geriicht am Ostkongo zesummegestallt an no de Schëllege gesicht. E Prozess, dee keng rechtlecht Valeur huet an awer villes beweegt huet. D'Valerija Berdi huet de Film "Das Kongo-Tribunal", deen am Kader vun den DACH-Filmdeeg gewise gouf, an der Cinemathéik gesinn.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen