Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Soulfly

Release vun der Woch: Soulfly - Ritual (8/10)

Den 19. Oktober hu Soulfly hiren neien Album "Ritual" bei Nuclear Blast erausbruecht. Interessant ass, datt sech d'Band am Laf vun hirer Carrière iergendwéi ëmmer méi zu de Wuerzele vu Sepultura zréckbeweegt huet a mat der Zäit ëmmer méi Thrash Metal Elementer mat agebaut hunn. Bei "Ritual" ass dat bëssen anescht, hei ass et éischter ee Back to the Roots vu Soulfly.

Eleng den Titeltrack an Opener Ritual ass eng Kombinatioun aus typesch markante Roots, bzw Primitive a Prophecy Cavalera Momenter mat sengem ustiechende Groove a primitivem Tribal Gesang an erënnert dobäi, wéi gesot, un déi éischt Albume vu Soulfly.

Souguer déi bësse méi thrasheg an technesch Stécker, wéi z. B. "Bite the Bullet" hunn eng uerdentlech Portioun Groove um Start. "Bite the Bullet" verbënnt esou gekonnt technesch Gittar Sweeps mat perkussiven Drums a spontane Bass Linnen ... Definitiv och een Héichpunkt vum Album.

Luewenswäert ass op Ritual definitiv dem Zyon Cavalera seng Aarbecht op der Batterie. Dem Max Cavalera säi Bouf, deen zanter sechs Joer an der Band ass, spillt mat enger onvergläichbarer Loscht an Dynamik. An et fält och net ob, datt hien d'Ufäng vun der Band nach net materlieft hat a verbënnt Elementer aus all den Ärae vu Soulfly. Bescht Beispill heivir ass wuel den Track "Demonized" op deem hien dat perfekt Gläichgewiicht aus Kraaft, Technik a leidenschaftlechem Groove erreecht.

Wiem dës Approche net gefält kann eventuell awer och iwwerrascht ginn. Mam Track "Feedback" traut sech d'Band och eng éischte Kéier bëssen eng Rock n Roll Richtung anzeschloen an am Closer vum Album Soulfly XI ass esouguer bësse Saxophon ze héieren.

Mee och dat ass jo och iergendwéi bëssen Traditioun fir Soulfly. Och op fréieren Albumen huet d'Band ëmmer nees mat aneren Instrumenter a Genren experimentéiert, déi u sech net sou Metal sinn. Ech erënnere mech do spezifesch z. B. u Reggae mat Trompett um Album Prophecy..

Ech ka mech just de ville Fans uschléissen, fir déi Ritual mat dee beschte Soulfly Album zanter laangem ass. Dir héiert da lo och déi aktuell Single, "Under Rapture".

Playlist

  1. Unleashed - Death Metal Victory
  2. Opeth - Ghost Of Perdition (Live @ Red Rocks)
  3. Cellar Darling - Insomnia
  4. Skull Pit - Blood Titan
  5. Blitzkrieg - All Hell Breaks Loose
  6. Seven Thorns - Evil Within
  7. Soulfly - Under Rapture
  8. Blackdraft - Chapter 10 Fight
  9. Fusion Bomb - Powersource
  10. Atomic Rocket Seeders - New Age Role Model

Rezent Emissiounen

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun ënnert anerem Obscura, Revocation an Immortal.

  • Rotten Stones Festival

    Den Iwwerbléck mat den Organisateuren op de Festival zu Bäerdref an der Breechkaul

  • Wacken!!!

    Dee weltwäit gréisste Metal-Festival proposéiert vum 2. bis de 4. August bal 200 Bands op aacht Bühnen.

  • Marduk

    Am Mëttelpunkt vun der Emissioun steet den neien Album vum schwedeschen Urgestein Marduk, deen d'nächst Woch erauskënnt.

  • Anneke Van Griersbergen

    An den 90er ass si mat The Gathering bekannt ginn. Elo ass d'Anneke van Griersbergen nees mat engem neie Metal Projet zréck: Vuur

  • Kataklysm

    D'Kanadier vu Kataklysm sinn nees mat engem neien Album zréck: Meditations ass d'Metal Release vun der Woch.

  • At The Gates

    Mat e.a.dem neien Album vun der schwedescher Death Metal-Legend 'At The Gates', 'To Drink From The Night Itself'

  • W.O.A. Metal Battle

    Haut dréit sech am Metal Meltdown alles ëm de Wacken an ëm de Metal Battle 2018.

  • Fusion Bomb

    Déi jonk Thrash Metal Band Fusion Bomb huet eng nei Single dobaussen.

  • Lik

    Eng onbekannt Band aus Schweden, an där awer Museker aus anere bekannte Bands spillen.

  • Doomsday for the Deceiver

    De Bléck geet zréck an d'Joer 1986 - fir en Album, dee Kult ass am Genre Speed/Trash ...

  • Metalfestival Koplescht & Frostland

    Metal Meltdown goes Köln ... mat rout-wäiss-bloen Touch!

  • King Goat

    Kee Big Name, nach manner bekannt - mee gutt: King Goat kommen aus England, deen neien Album heescht "Debt Of Aeons".

  • Shadow's Night & Memoriam

    Am Interview sinn d'Shadowhispers an am Review ass den neien Album vu Memoriam.

  • Lost In Pain & Primordial

    Lost In Pain stellt hiren neien Album "Gold Hunters" de 7. Abrëll am Club vun der Rockhal vir.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen