Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Soulfly

Release vun der Woch: Soulfly - Ritual (8/10)

Den 19. Oktober hu Soulfly hiren neien Album "Ritual" bei Nuclear Blast erausbruecht. Interessant ass, datt sech d'Band am Laf vun hirer Carrière iergendwéi ëmmer méi zu de Wuerzele vu Sepultura zréckbeweegt huet a mat der Zäit ëmmer méi Thrash Metal Elementer mat agebaut hunn. Bei "Ritual" ass dat bëssen anescht, hei ass et éischter ee Back to the Roots vu Soulfly.

Eleng den Titeltrack an Opener Ritual ass eng Kombinatioun aus typesch markante Roots, bzw Primitive a Prophecy Cavalera Momenter mat sengem ustiechende Groove a primitivem Tribal Gesang an erënnert dobäi, wéi gesot, un déi éischt Albume vu Soulfly.

Souguer déi bësse méi thrasheg an technesch Stécker, wéi z. B. "Bite the Bullet" hunn eng uerdentlech Portioun Groove um Start. "Bite the Bullet" verbënnt esou gekonnt technesch Gittar Sweeps mat perkussiven Drums a spontane Bass Linnen ... Definitiv och een Héichpunkt vum Album.

Luewenswäert ass op Ritual definitiv dem Zyon Cavalera seng Aarbecht op der Batterie. Dem Max Cavalera säi Bouf, deen zanter sechs Joer an der Band ass, spillt mat enger onvergläichbarer Loscht an Dynamik. An et fält och net ob, datt hien d'Ufäng vun der Band nach net materlieft hat a verbënnt Elementer aus all den Ärae vu Soulfly. Bescht Beispill heivir ass wuel den Track "Demonized" op deem hien dat perfekt Gläichgewiicht aus Kraaft, Technik a leidenschaftlechem Groove erreecht.

Wiem dës Approche net gefält kann eventuell awer och iwwerrascht ginn. Mam Track "Feedback" traut sech d'Band och eng éischte Kéier bëssen eng Rock n Roll Richtung anzeschloen an am Closer vum Album Soulfly XI ass esouguer bësse Saxophon ze héieren.

Mee och dat ass jo och iergendwéi bëssen Traditioun fir Soulfly. Och op fréieren Albumen huet d'Band ëmmer nees mat aneren Instrumenter a Genren experimentéiert, déi u sech net sou Metal sinn. Ech erënnere mech do spezifesch z. B. u Reggae mat Trompett um Album Prophecy..

Ech ka mech just de ville Fans uschléissen, fir déi Ritual mat dee beschte Soulfly Album zanter laangem ass. Dir héiert da lo och déi aktuell Single, "Under Rapture".

Playlist

  1. Unleashed - Death Metal Victory
  2. Opeth - Ghost Of Perdition (Live @ Red Rocks)
  3. Cellar Darling - Insomnia
  4. Skull Pit - Blood Titan
  5. Blitzkrieg - All Hell Breaks Loose
  6. Seven Thorns - Evil Within
  7. Soulfly - Under Rapture
  8. Blackdraft - Chapter 10 Fight
  9. Fusion Bomb - Powersource
  10. Atomic Rocket Seeders - New Age Role Model

Rezent Emissiounen

  • Doro Pesch & Morbid Angel

    Dës Kéier am Interview d'Metal Queen Doro Pesch an am Review ass den neien Album vu Morbid Angel.

  • Mindpatrol

    Metal made in Lëtzebuerg - den 9. Dezember gëtt et Neits vun der Band Mindpatrol.

  • Anger Fest 2017

    Am Interview ass den Organisateur vum Anger Fest Vol.2 (25.11. Kufa Esch), reviewt gëtt den neien Album vu Cavalera Conspiracy.

  • Neie Lëtzebuerger Sound an Enslaved

    Déi norwegesch Band Enslaved spillt Viking-Progressive-Metal an existéiert zënter 1991.

  • Ensiferum - Two Paths

    Nieft vill aktueller Musek ass deen neisten Album "Two Paths" vun der finnescher Band derbäi.

  • Samael & Cannibal Corpse

    Sëch veränneren an awer seng Identitéit behalen: en Challenge fir d'Pionéier vum Black Metal!

  • L. A. Guns & Samael

    Aus zwou maach eng: de Sträit ass eriwwer an d'Bandmembere verdroe sech erëm ...

  • Benoit Martiny & Cultura Tres

    De Lëtzebuerger Museker sëtzt bei der venezuelanescher Metal Band Cultura Tres hannert der Batterie.

  • Accept & The Black Dahlia Murder

    Vill Neiegkeete vun der däitscher Kultband, déi zënter de Siwwenzeger rockt ... an déi nach ëmmer ganz schéin aktiv ass.

  • Candlemass & Cradle Of Filth

    De Wacken-Interview mat de Schweden

  • High Fighter & Satyricon

    Eng nei Band aus Däitschland an eng Ikon aus Norwegen loossen et zolidd kraachen ...

  • The Haunted & Retrace my Fragments

    The Haunted aus Göteborg stinn am Mëttelpunkt vun der Emissioun

  • Nordic Rock

    Alles iwwert den eenzege renge Rock & Metal-Festival am Norde vum Land!

  • Satyricon & Arch Enemy

    Neies, inklusiv Interview vun der norwegescher Band,

  • Paradise Lost & The Haunted

    Den Aaron vu Paradise Lost erkläert am Interview, wat ee vum neien Album "Medusa" erwaarde kann; am Review ass den neien The Haunted Album

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen