Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Police: Prisonéier bei Visitt am CHL an der Stad fortgelaf, de Mann hätt nach Handschellen un
  2. 100,7: En Interims-Comité, mat der Nancy Braun un der Spëtzt an der Michèle Vallenthini ass Suppleante, plus engem 100,7 Mataarbechter an soll d'Dagesgeschäft als Iwwergangsléisung leeden, nom Depart vum Direkter Jean-Paul Hoffmann de 15. Dezember
  3. Nicolas Schmit: Den LSAP amtéierenden Aarbechtsminister wéilt net méi an déi nei Regierung, mee hie wéilt EU Kommissär ginn, sou RTL
  4. Anti-Blanchiment: Direktive kéint eréischt a national Recht ëmgesat gi wann déi nei Chamber ganz komplett ass, sou den amtéierende Justizminister Felix Braz
  5. Illegal Spillautomaten: Zu Lëtzebuerg wier op aacht Adressen am Süden, an a Portugal an 276 Haiser, perquisitionnéiert ginn, mat engem Verhaftenen zu Lëtzebuerg, an 30 a Portugal, sou Europol
  6. Mogadischu: Op d'mannst 19 Doudeger bei Attentat op en Hotel
  7. Melbourne: Terroristesch Grupp Islamesche Stat revendiquéiert déidlech Messer-Attack
  8. Marseille: Aacht Doudesaffer fonnt ënnert de Ruine vun den Haiser, déi agestierzt waren
  9. Gebuerten: An 21 méi räichen entwéckelte Länner géifen net méi genuch Kanner gebuer fir dass d'Populatioun do weider wuesse kann, sou Fuerscher vun der UNI vu Washington

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    "Murer" an "Angelo" gi beim éisträichesche Filmpräis belount / 2018: Réckgang bei Fongegeschäfter / EU sicht gemeinsam Positioun fir Venezuela 

  • Panorama

    "Murer" an "Angelo" gi beim éisträichesche Filmpräis belount / 2018: Réckgang bei Fongegeschäfter / EU sicht gemeinsam Positioun fir Venezuela 

  • Panorama

    2018 schlecht Joer fir Fongenindustrie / EU gesäit keng Alternativ zum Backstop / 47 Mënschen u Bord vum Sea-Watch Schëff dierfen u Land

  • Panorama

    Gesondheetsminister: kee Fëmmverbuet op Terrassen / Schnéichaos, awer net vill Accidenter / Dräi Terrorverdächteger an Däitschland festgeholl
     

  • Panorama

    Parlament ënnerstëtzt T. May fir Brexit-Akkord nei ze verhandelen / Fonds du Logement Direkter trëtt zeréck / Juan Guaidó dierf Venezuela net verloossen

  • Panorama

    Parlament ënnerstëtzt T. May fir Brexit-Akkord nei ze verhandelen / Fonds du Logement Direkter trëtt zeréck / Juan Guaidó dierf Venezuela net verloossen

  • Panorama

    Fonds du Logement sicht erëm en neien Direkter / Betribsbesteierung: OGBL kritiséiert Pläng vun der Regierung / 2. Brexit-Vott den Owend

  • Panorama

    Lëtzebuerg op Plaz 9 am Korruptiounsindex / Veloh-Locatiounssystem gëtt net gratis / CETA-Fräihandelsaccord verstéisst net géint EU-Recht 

  • Panorama

    Chamber Debatt iwwer Radio 100,7 an de nächste Méint / Drock am Bausecteur fir Projete fäerdeg ze kréien / USA verkloen Huawei

  • Panorama

    Chamber Debatt iwwer Radio 100,7 an de nächste Méint / ASTI begréisst CSV Virstouss beim Auslännerwahlrecht / USA verkloen Huawei

  • Panorama

    Awunnerwahlrecht: ASTI an UEL reagéieren op Positioun vum Frank Engel/Soziale Wunnengsbau: Rechnungshaff presentéiert Rapport/35 Doudesaffer am Venezuela

  • Panorama

    ADR: Wahlrecht fir EU-Auslänner ass inacceptabel / ONG: keng Refugiéë méi an Italien zréckschécken / 526.500 Wahlbréiwer dës Woch verschéckt

  • Panorama

    Kris a Venezuela spëtzt sech weider zou / F.Engel huet Ambitioune fir CSV-Spëtzekandidat ze ginn / Staatsrot fuerdert Verbesserungen um Gesetzprojet fir de Jugendschutz

  • Panorama

    Kris a Venezuela spëtzt sech weider zou / F.Engel huet Ambitioune fir CSV-Spëtzekandidat ze ginn / Staatsrot wëll Verbesserungen um Text fir de Jugendschutz

  • Panorama

    F.Engel huet Ambitioune fir CSV-Spëtzekandidat ze ginn / Iddi vun CO2-Steier fir hollännesch Industrie / H.Chapier stierft mat 85 Joer

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen