Generator

De jonke Sujet um radio 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... a villes méi

Generator

Mir kennen se alleguerten: Stereotyppen. Mee wou kommen se eigentlech hier? Dorunner gëtt de Moment op der Uni Lëtzebuerg gefuerscht. Mir hu mam Miriam geschwat, wat dofir responsabel ass, hei de Link, wann der wëllt matmaachen:

https://www.soscisurvey.de/megaroles/

Dann ass de Cédric vu move. op Besuch, déi de 15. November eng Konferenz zum Thema, Zukunft ouni Plastik organiséieren, hei de Link:

https://www.facebook.com/events/353508195222373/

Donieft um Programm, vill Musek.

Playlëscht:

  1. Bill Ryder-Jones - Don't Be Scared I Love You
  2. Autumn Sweater - Sitting Here
  3. C'est Karma - Gravity
  4. Teleman - Somebody's Island
  5. Mine - Katzen
  6. Ennio Morricone - L'Estasi Dell'Oro (Bandini Remix)
  7. Bloc Party - Talons
  8. Regina Spektor - Fidelity
  9. Rammstein - Engel
  10. Jacob Bellens - Renegade
  11. Wildwood Kin - Run
  12. Zero 7 - Salt Water Sound

Rezent Emissiounen

  • Generator

    D'Rapper vu Stayfou si bei eis am Studio.

  • "How To Bourse"

    An engem Video kläert d'ACEL d'Froen, déi een ëm d'Studentebourse kéint hunn. Donieft hu mir nogefrot, u wat een als Student soss nach denke muss.

  • Kann ech dech upaken? aka Feminismus

    "Maacht wat der wëllt, mee schwätzt et of." D'Milena Steinmetzer schwätzt mat eis iwwer Konsens.

  • Fifa Sportler

    Zwee Lëtzebuerger zielen iwwer professionellen Fifa Sport zou Lëtzebuerg.
     

  • Youth for Climate

    Lëtzebuerger Subkulturen dës Woch mat zwee jonke Klimaaktivisten

  • Generator

    Le Vibe sinn am Studio fir iwwer hiren neien Album ze schwätzen. An den FC Esch United ass Thema, eng Fussball-Equipe, déi aus Refugiéë besteet.

  • Generator

    Et ass e frëndlechen Astronaut am Studio, et geet ëm de neie Joker Film an ëm den Zuch, mat dem den Harry Potter a senge Filmer fiert.

  • Generator

    D'Metal-Formatioun Arduinna's Dawn stellen hir éischt Single vir an et ginn Informatiounen zum Last Summer Dance-Festival.

  • Generator

    Architektur an d'Schueberfouer stinn am Mëttelpunkt. Donieft gëtt et nach e Buch-Tipp.

  • Generator

    Mir schwätzen haut iwwer Yoga an et gëtt en Abléck an d'Museksredaktioun vum radio 100,7.

  • Generator

    Et geet ëm en Elektro-Festival hei zu Lëtzebuerg an ëm eSports.

  • Generator

    De Sébastien ass fir e gudden Zweck mam Vëlo vun Esch op Roum gefuer an ass am Studio op Besuch. Donieft ginn et nach zwou Filmkritiken.

  • Generator

    Et geet ëm d'Mini-Entreprise Say It an de BD Festival leschte Weekend zu Contern.

  • Generator

    Scavenger's Lunch sinn op Besuch. Donieft geet et ëm d'Organisatioun SOS Faim an e Gemeinschafts-Bongert.

  • Generator

    Mir kucken dës Woch op komplex Kaartespiller an d'Ëmwelt ass en Thema.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen