Eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht fir d'Nationalgalerie

Christian Mosar

Bis haut gëtt et keen ëmfaassend Standardwierk, dat eng Lëtzebuerger Konschtgeschicht kéint definéieren. An dëser Serie liwwert de Christian Mosar e puer Usätz. Ugefaangen am 18. Joerhonnert bis haut, gëtt eng kuerz awer differenzéiert Konschtgeschicht mat hiren Acteuren an Anekdote gezeechent.

D'Lëtzebuerger Sezessioun (1927-1930)

1926 hunn eng sechs Kënschtler de Cercle artistique, an deem si Member waren, verlooss. De Claus Cito, den Nico Klopp, de Joseph Kutter, den Harry Rabinger an de Jean Schaack, grad wéi den Auguste Trémont waren ëss midd  mat deenen auszestellen, déi si net nëmmen net verstanen, mee och nach kritiséiert hunn.

1927 hu si hiren eegene Salon, dee vun der Lëtzebuerger Sezessioun, gegrënnt.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen