Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Madeline Kenney (Foto: Cara Robbins)

Jerry Paper, Madeline Kenney & Odd Beholder

D'Madeline Kenney, eng fréier Bäckesch, déi d'lescht Joer hiren Debut presentéiert huet, begléckt eis elo mat enger neier Plack. Op "Perfect Shapes" krut d'Indie Musekerin Hëllef vun der Jenn Wasner vu Wye Oak.

D'Daniela Weinmann zielt eis iwwer hiren Electro Pop Projet "Odd Beholder". D'Musekerin vun Zürech huet sech op hirem Debut "All Reality is Virtual" mat der digitaler Welt an Isolatioun beschäftegt.

An de gelungenen Jerry Paper hantéiert mat ville séisse kitschegen Tonalitéiten op sengem neien Album "Like A Baby". Am Gespréich gëtt hien en Abléck an d'Zesummenaarbecht mam Matty Tavares vu Badbadnotgood.

Presentéiert vum Jamie Reinert.

Playlist:

  1. Jerry Paper - A Moment (Like A Baby, 12.10.2018 - Stones Throw Records)
  2. Jerry Paper - My God (Like A Baby, 12.10.2018 - Stones Throw Records)
  3. Jerry Paper - Everything Borrowed (Like A Baby, 12.10.2018 - Stones Throw Records)
  4. Madeline Kenney - Cut Me Off (Perfect Shapes, 5.10.2018 - Carpark Records)
  5. Madeline Kenney - Overhead (Perfect Shapes, 5.10.2018 - Carpark Records)
  6. Madeline Kenney - The Flavor Of The Fruit Tree (Perfect Shapes, 5.10.2018 - Carpark Records)
  7. Odd Beholder - The Likes Of You (All Reality is Virtual, 19.10.2018 - Sinnbus)
  8. Odd Beholder - Easy Difficult (All Reality is Virtual, 19.10.2018 - Sinnbus)
  9. Odd Beholder - All Reality is Virtual (All Reality is Virtual, 19.10.2018 - Sinnbus)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen